Arcelor-Mittal an de Bréisseler Diktat

D’ADR wiert sech an engem Pressekommunikee géint dee Bréisseler Diktat, wat Arcelor-Mittal ugeet. De Stolproduzent muss sechs Betriber verkafen fir duerfen eng italienesch Firma ze kafen. D’Diddelenger Galvaniséierungswierk (fréier Galvalange) ass ënnert de Kolateralschied vun dësem Deal.

An hirem Kommunikee mécht d’ADR opmierksam, datt d’Proadrer vum Wirtschaftsminister a vun de Gewerkschaften näischt geännert hunn an datt Bréissel sech am Dossier duerchgesat huet. D’ADR pocht op d’natioonal Souveränitéit vun de Länner an der EU: Hei ass e gutt Beispill, wéi d’national Intressen vu Bréissel ënnergebottert ginn. D’Logik vun den EU-Oplagen ass och net ginn: Fir de Wettbewerb am EU-Maart ze garantéieren, gëtt Arcelor-Mittal um Weltmaart méi schwaach gemaach.

Deel dëse Post: