Apdikt Cliärref: Widderspréch an Onstëmmegkeeten

Et ass net ze bestreiden, datt eng Apdikt am Häerze vu Cliärref wesentlech zur Liewensqualitéit vun de Cliärrewer Bierger bäigedroen huet. Den Transfert vun der Apdikt vu Cliärref op Maarnech ass dohier ganz schlecht vun de Cliärrewer Leit opgeholl ginn, an dat zu Recht: Firwat eng Apdikt op d’Nordstrooss transferéieren, wann net mol fënnef Minutte weider zu Housen – och un der Nordstrooss (!) – souwisou schonns eng Apdikt ze fannen ass. Et ass dëst eng onsënneg demographesch Opdeelung vun engem wesentleche Pilier, wat déi essentiell Gesondheetsversuergung vun de Leit ugeet. Dee méi ëstlechen Deel vun de Leit aus der Gemeng Cliärref huet elo souwisou besser, an d’Nopesch-Gemeng Wëntger ze fueren, wa si e Medikament brauchen. De Wee op Maarnech ass nämlech besonnesch wat den ëffentlechen Transport ugeet, beschwéierlech: Wann een z.B. vun Eeselbur aus Maarnech erreeche wëll, muss ee mat enger bis annerhallef Stonn rechnen an dobäi ee bis zweemol ëmklammen. Dëst ass grad eisen eelere Matbierger, déi am meeschten op eng Apdikt ugewisen sinn, kaum zouzemudden. Et muss een och bedenken, datt – nieft enger Rei Hausdokteren – sech eleng zu Cliärref zwee Altersheimer Dag fir Dag ëm eis eeler Matbierger këmmeren. De Besoin nom Service vun enger Apdikt ass deemno zu Cliärref besonnesch grouss.

Wat leider nach méi traureg ass, dat ass déi onrühmlech Roll, déi d‘Cliärrewer Gemeng bei dëser Affär gespillt huet: Verschidde Gemengeresponsabelen, dorënner och de Buergermeeschter, sinn net midd ginn, fir ze soen, datt si keen Afloss haten op den Transfert vun der Apdikt op Maarnech: Dat ass carrement net wouer, ewéi en Zitat aus engem Bréif vum Gesondheetsminister Etienne Schneider un de Cliärrewer Geschäftsverband vum 16 Mee 2019 weist:

«Tout d’abord je tiens à vous informer que seulement sur demande de l’administration communale, les concessions de pharmacie sont attribués en function de la population communale résidente. Dans le cas de la ville de Clervaux, les propriétaires de la pharmacie de Clervaux ont demandé le déplacement de leur Officine vers Marnach ce que l’administration communale a avisé favorablement. »

Als ADR Norde weise mir eis enttäuscht iwwert dëst Virgoen vun de Gemengeresponsabelen, déi sech verflicht hunn, dem Wuel vun den Awunner Rechnung ze droen. Déi genannten Onstëmmegkeeten, Onéierlechkeeten a Widderspréch passe leider net an dëst Bild. Als ADR Norde setze mir eis fir eng transparent Virgoensweis an, mat Bléck op d’Liewensqualitéit vun de Bierger aus der Gemeng Cliärref.

 

Pressematdeelung vun der ADR-Norden vum 11.September 2019

Deel dëse Post: