Antisemittesch Aggressioun an enger Primärschoul

An enger Lëtzebuerger Primärschoul koum et rezent zu enger Aggressioun géint e jüddescht Kand. Zu dësem Virfall huet de Fred Keup e puer Froen un de Ministère.

Fro:

An der Sendung “Invité vun der Redaktioun” op RTL ass een de 7. Oktober 2025 gewuer ginn, dass et dëst Joer fir d’éischte Kéier zu enger physescher Aggressioun géint e jüddescht Kand an enger Primärschoul komm ass. En zéngjärege Schüler wier vu véier Matschüler ugegraff ginn. De President vun der RIAL asbl huet dee Virfall follgendermoosse beschriwwen:

“Si hunn de Jong op de Buedem geheit, geschloen, gebass a gekraazt an du gesot: ‘you are an Israeli crybaby’, also, du bass een “israeelesche Pinscher (pinschen = kräischen).’ Déi véier Schüler hunn e Migratiounshannergrond a si warscheinlech selwer traumatiséiert, vun dem wat si erlieft hunn, mee dat ass trotzdeem inakzeptabel.”

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister preziséieren, a wéi enger Primärschoul dës Aggressioun stattfonnt huet?
  • Wéini gouf de Ministère iwwer dëse Virfall informéiert?
  • Wei huet d’Schoul op dëse Virfall reagéiert?
  • Wéi huet den Här Minister op dëse Virfall reagéiert? Wéi eng konkret Moossname goufen ergraff?
  • Wéi eng Konsequenze goufen aus dësem Virfall gezunn?
  • Sinn dem Här Minister weider esou änlech Fäll bekannt?

Äntwert:

  1. Kann den Här Minister preziséieren, a wéi enger Primärschoul dës Aggressioun stattfonnt huet?
    Dee vum honorabelen Deputéierte genannte Virfall huet sech an der Grondschoul zu Sandweiler
    ofgespillt.
  2. Wéini gouf de Ministère iwwer dëse Virfall informéiert?
    Den zoustännege Service vu mengem Ministère gouf nach den Dag selwer, also den 29. September
    2025, iwwert de Virfall informéiert.
  3. Wéi huet d’Schoul op dëse Virfall reagéiert?
  4. Wéi huet den Här Minister op dëse Virfall reagéiert? Wéi eng konkret Moossname goufen ergraff
  5. Wéi eng Konsequenze goufen aus dësem Virfall gezunn?
    Ech verweisen op dëser Plaz op d’Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 2990.
  6. Sinn dem Här Minister weider esou änlech Fäll bekannt?
    Nee, mir leien keng Informatiounen iwwert änlech Virfäll vir.

Foto Copyright: Pixabay

Deel dëse Post: