Aneren Horaire fir oppen Terrassen gefuerdert!

Aneren Horaire fir oppen Terrassen gefuerdert!

Pressematdeelung vum 31. Mäerz 2021

Am Kader vun den neie COVID-Moossname vun der Regierung fir déi Zäit nom 2. Abrëll sollen d’Terrassen, vum 7. Abrëll un, vum Horeca-Secteur opmaache kënnen, an zwar vu 6 Auer moies bis 18.00 Auer Owes. An hei muss een sech wierklech d‘Fro stelle wéi sënnvoll déi festgeluechten Zäite fir d’Terrasse sinn. Och de Collège Médical huet hei Bedenken a weist sech an engem Avis erstaunt doriwwer datt d’Terrassen nëmme vu 6 Auer Moies bis 6 Auer Owes opgemaach ginn. Et ass nämlech ewell Summerzäit an um 6 Auer ass et nach däischter, wougéint et Owes nach méi laang hell ass.    

Fir de betraffene Patronen eng besser Méiglechkeet ze gi fir hir zolidd finanziell Verloschter opzefänken an de Leit nees méi Liewensqualitéit ze ginn huet den Deputéierte Jeff Engelen gëschter en Amendement vun den Ouverture-Zäiten deponéiert. An zwar fir d’Terrasse vu 6 Auer moies opzemaachen bis um 9 Auer Owes. Dat géif et zum Beispill erlaben datt d’Caféen a Restauranten net nëmme Mëttes ma och Owes de Clienten Iessen zerwéiere kéinten.  

Wann d’Terrasse vum Horeca-Secteur nees opgemaach ginn, sou kënnt dat och deene ville Bierger ze gutt déi, an der aktueller Kris, Problemer mat der psychologescher Gesondheet hunn.

Et wär e Schrëtt weider an d’Normalitéit  an och e Liichtbléck bei deene villen Aschränkunge vun de soziale Kontakter an deenen anere Restriktiounen déi fir d’Leit eng Belaaschtung sinn. Wann d’Terrasse bis 9 Auer op sinn, wär et de Leit nach ëmmer méiglech mat Zäit virun der Ausgangsspär doheem ze sinn. 

D‘ADR widderhëlt hir bei dëser Geleeënheet hir prinzipiell Positioun, datt d’HORECA misst kënne ganz opmaachen an datt d’Ausgangsspär wéi och aner Aschnëtter an d’Grondrechter an an d’Privatliewe vun de Leit missten direkt ofgeschaaft ginn.

Deel dëse Post: