Amerika: Verstoen anstatt ukloen!

Zu Lëtzebuerg si mir staark dran, d’Politik vun anere Länner ze veruerteelen. Et wär ee mol gutt beroden, d’Komplexitéit vun der Situatioun ze verstoen, firwat e Land eben déi Politik mécht, déi se mécht; verstoen anstatt ukloen, esou de Kredo vum Fernand Kartheiser a senger Chamberinterventioun vum 06. Juni. Esou sinn och d’Stroftaxen op den Aluminium, déi d’USA decidéiert hunn, keng arbiträr Decisioun, mee duerchaus novollzéibar. An Amerika sinn an de leschte Joren duerch en onreglementéierte Fräihandel vill Aarbechtsplaze verluer gaangen. Nieft Gambia tendéiert och d’CSV dozou, Europa vis-à-vis vun aneren Natiounen als moralesch iwwerleeën duerzestellen. Mee vu wat fir engem Europa schwätze mir iwwerhaapt? D’europäesch Natiounen an d’Europäesch Unioun sinn sech an där Fro nämlech ëmmer manner eens.

Deel dëse Post: