Alternativ zu der „Pensée unique“ (VIDEO)

„Totgesagte leben länger“, huet de Gast Gibéryen festgestallt, hien dee viru 27 Joer d’ADR matgegrënnt huet. Schonns deemools war der Partei, als Aktiounskomittee 5/6 gegrënnt, eng Zukunft vun nëmmen e puer Méint ageraumt ginn. D’ADR ass gesond a monter, an huet dëst e Freideg, den 11. Juli 2014, de Journalisten nees gewisen, wou dach d’Press kierzlech eemol méi den ADR vill ze vill fréi begruewen hat.

D’ADR Fraktioun huet d’Rëtsch vun den traditionellen Iesse mat der Press opgemaach, dëst fir de Bilan vun de leschter Legislatur ze maachen. Et gëtt dozou net vill ze soen, hält den ADR-Fraktiounschef fest, wëll d’DP-LSAP-Gréng Regierung praktesch nëmme Gesetzer stëmme gelooss huet, déi nach vun der viregter Regierung op de Wee bruet goufen. Et gëtt nach ëmmer op konkret Léisunge gewaart, fir déi vill a schwéier Defien unzegoen, virun deenen d’Land steet.

Dobäi muss ee festhalen, datt DP, LSAP, Gréng an awer och d’CSV praktesch déi selwecht Meenung an der Chamber vertrieden an datt et kaum nach zu kontroversen Debatten tëschent dëse Partei kënn. „D’ADR ass déi eenzeg Alternativ zur Pensée unique“, huet de Gast Gibéryen festgehalen, an esou ass d’Präsenz vun der ADR an der Chamber an an der politescher Landschaft méi wichteg wéi jee. D’ADR ass de Garant dëst fir d’Pluralitéit an och vir enger ganzer Rei vun Associatiounen a Leit hir Meenung op der politescher Bühn ze vertrieden.

Dëst zum Beispill am Dossier Tram a Mobilitéit, wou d’ADR als eenzeg Partei nach d’Interessie vun den Autosfuerer vertrëtt a sech fir e gudde Mix tëschent ëffentlechem a privatem Verkéier asetzt. Als Symbolesch muss ee festhalen: fir den Tram ze bauen, holzt de Gréngen Infrastrukturminister de Bambësch of, wëllt dofir awer eng wichteg Strooss virun de Stad ewech rappe fir do Beem ze planzen!

Iwwert 25.000 Wieler hu bei den Europawalen der ADR hir Stëmm ginn, an domadder bestätegt, datt d’ADR eng fest Plaz an der politescher Landschaft huet. De Fernand Kartheiser ass och op déi net onwichteg Roll vun der ADR an der europäescher Allianz AECR agaangen, an huet drop higewisen, datt d’ECR déi drëtt gréisst Fraktioun am europäesche Parlament duerstellt.

Deel dëse Post: