Alt nees Sënnfräies aus dem Verdeedegungsministère

E groussen a prestigiéise Projet sollt d'”strategesch Autonomie” vun der EU sécheren, an zwar en Airbus als militäreschen Tankfliger – MRTT genannt. A Lëtzebuerg, forcéiert seng Nato-Ausgaben eropzesetzen, verdräifacht säi Budget fir dee Projet. Datt eng “strategesch Autonomie” fir eng déif zerstridde Staategemeinschaft, déi kaum eng baussepolitesch a sécher keng militäresch Roll spillt, kee Sënn mécht, hutt wuel jiddereen direkt verstan … mee de Fernand Kartheiser zerpléckt de ganze Projet am Detaill.

Déi op 30 Joer ugeluechte 600 Milliounen Investissement belaaschten déi nächste Generatioune Lëtzebuerger an addéieren zu all deene Scholden, déi d’Regierung soss nach mécht. Dat eenzegt gutt Hoer, wat hien dru fënnt ass d’Begeeschterung, déi déi Gréng Partei bei dësem Militärprojet entwéckelt (Extrait, 0’38”).

 

Deel dëse Post: