Alex Penning neien ADR-Generalsekretär / Nee Nee Nee beim Referendum

Den Alex Penning ass neien Generalsekretär vun der ADR

E puer Mol gouf ënnerstrach, dass d’ADR eng geschlosse Partei ass, déi dat mëscht, wat an hirem Grondsatzprogramm an an de Walprogrammer steet, dat bei Geleeënheet vum Nationalkongress, haut Sonndeg, den 22. Mäerz, zu Gilsdref am Kulturzentrum. E gutt gefëllte Sall huet eng Rëtsch wichteg Décisioune geholl. Personell ass et d’Besetzung vum Poste vum Generalsekretär duerch de 39järegen Affekot Alex Penning. De Matgrënner vun der Jugendorganisatioun ADRenalin ass e laangjärege Parteimember. Och hie leet Wäert op d’Geschlossenheet vun der Partei a vertrëtt hir Linn ënnert anerem an der Fro vun der Reform beim Staat. Sue fir Ongerechtegkeeten an Härtefäll jo, eng Punktwäerterhéigung an Zäite, wou Lëtzbeuerg all Joer eng Milliard Euro Scholde mëcht Nee! En Uleies ass dem Alex Penning doriwwer eraus den Déiereschutz, wou, esou de Jurist, d’Lëtzebuerger Gesetzgebung Jorzéngten hannert de Nopeschlänner ass.
Zentrale Punkt vum Kongress war d’Diskussioun iwwert déi dräi Froe vum Referendum vum 7. Juni. D’Partei ass fir decisif Referenden, esou den Deputéierte Fernand Kartheiser. Mä de 7. Juni wär keen decisive Referendum, well d’Konditioune fir d’Verfassung ze änneren (eng Zweedrëttelmajoritéit an der Chamber) net erfëllt sinn. Mat engem ausgeschafften Argumentaire huet hien d’Positioun vun der ADR kloer gemaach. De Kongress war duerno bei allen dräi Referendumsfroe mat ganz grousser Majoritéit derfir, mat Nee Nee Nee ze stëmmen. Also géint Auslännerwalrecht, géint de Walrecht vu 16 Joer un a géint eng Begrenzung vun de Ministermandater.
D’Sylvie Mischel, Presidentin vun den ADR-Fraen, huet en neie Reflexiounsgrupp vun der Partei virgestallt, dee sech mat de Problemer vum Mëttelstand befaasst. Dëse wär d’Mëllechkou vun der Lénkskoalitioun, nodeems d’DP hir fréier Stammclientel verroden a falegeloss hätt.
Kritik un därer Koalitioun an der Regierung gouf et ausserdeem vum Parteipresident Dr Jean Schoos. Hien huet haaptsächlech den Accord tëscht Kierch a Staat kritiséiert, dee fir vill Onfridden am Land wäert suerge wéinst der Enteegnung vun de Kierchefabriken an de Verloscht vu Kierchen. Och den Deputéierte Gast Gibéryen huet mat enger ideologesch verbassener Lénksregierung ofgerechent, déi nach kee wichtege Sujet ugepaakt hätt an all hir Prinzipie géng iwwer Bord geheien. All Partei an der Regierung géing maachen, wat se an der Oppositioun am meeschte kritiséiert hätten. De gréngen Infrastrukturminister géing ganz Bëscher fir den Tram ofholze loossen an d’Diddelenger Autobunn dräispuereg maachen nodeems hie jorelaang géint all Autobunnprojet gestëmmt hätt.

Nee Nee Nee beim Referendum: De Fernand Kartheiser erkärt …

D’Land leit ënner der Lénksregierung: Gast Gibéryen schount se net.

Deel dëse Post: