Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Familljeminister an un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.
Rezent Etüden zu Lëtzebuerg hunn déi alarméierend Tatsaach gewisen, datt ee vun dräi Affer vu sexualiséierter Gewalt Kanner ënner 12 Joer sinn. An deem Zesummenhang stellen sech wichteg Froen a Bezuch op de Schutz vu Kanner viru Mëssbrauch grad wéi d’Betreiung vu Kanner, déi Affer vu sexualiséierter Gewalt gi sinn. De Mëssbrauch u Kanner gëtt zu Lëtzebuerg ëmmer nach tabuiséiert, an dat, obschonns d’Zuel vun de Fäll an d’Lut geet. Dobäi kënnt, datt eis Gesetzgebung eng Rei juristesch Defiziter huet an net an alle Punkte konform mat internationale Konventiounen ass.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
- Wéi interpretéiert d’Regierung déi alarméierend Zuelen, déi vu rezente Studien opgedeckt goufen an ënnersträichen, datt een Drëttel vun den Affer vu sexueller Gewalt hei am Land méi jonk wéi 12 Joer sinn?
- Wéi eng Moossnamen si geplangt, fir dës beonrouegend Tendenz besser ze dokumentéieren an z’iwwerwaachen?
- Huet d’Regierung wëlles, d’Prise en Charge an d’psychologesch Betreiung vu mannerjäregen Affer vu sexueller Gewalt ze stäerken?
- Wéi ginn d’Recommandatioune vun der Istanbul-Konventioun iwwert de Schutz vun de Kanner viru sexuellem Mëssbrauch hei am Land applizéiert?
Mat déiwem Respekt,