Alarméierend Neiegkeeten aus Lëtzebuerger Bankekreesser

De Roy Reding betount a senger Interventioun vum 28. Abrëll, datt et essentiell ass, datt den Opwand fir d’Banken duerch ëmmer nei Reglementatiounen net esou grouss gëtt, datt hir Rentabilitéit a Gefor ass. Dovu géife virun allem Online-Banken an auslännesch Banke profitéieren. Laangfristeg wär dat d’Enn vun der Lëtzebuerger Bankeplaz, esou den ADR-Zentrums-Deputéierten.

Onversteesdemech huet de Roy Reding dann och fir d’Prozedur, wéi Notaire strofrechtlech verfollegt kënne ginn, wann si Verkeef “en état futur d’achèvement” maachen. Hei gi Clienten ouni Grond kriminaliséiert – Zoustänn, déi sech elo séier ännere mussen.

Deel dëse Post: