Äntwert d’Regierung just nach op Franséisch?

D’Regierung wëllt dem Sproochgebrauch net gerecht ginn. Zwou parlamentaresche Froen, déi d’ADR-Deputéierte Jeff Engelen a Fernand Kartheiser wéi gewinnt op Lëtzebuergesch gestallt hunn, goufe vun der Regierung op Franséisch beäntwert.

Nom Artikel 4 vum Gesetz vum 24. Februar 1984 iwwert de Gebrauch vun de Sproochen hätten d’Madammen an d’Häre Ministeren „dans la mesure du possible“ op Lëtzebuergesch missen äntweren.

Béid parlamentaresch Froen hätten ouni weideres kënnen op Lëtzebuergesch beäntwert ginn. Dëst hunn d’Deputéierten och an engem Bréif un de Chamberpresident kloergestallt an d’Regierung opgefuerdert, an Zukunft och op Lëtzebuergesch ze äntweren, wa Froen op Lëtzebuergesch formuléiert sinn.

D’parlamentaresch Froen :

De Jeff Engelen huet de 26. Februar eng parlamentaresch Fro (Nr. 417) un d’Madame Kulturminister geriicht. Hien huet hei gefrot, ob d’Méiglechkeet ginn ass, private Kollektiounen am Musée tëschenzelageren a wat d’Rechter an d’Bedéngunge bei esou engem Ofkomme sinn.

De 4. Mäerz huet de Fernand Kartheiser der Madame Ëmweltminister an den Häre Ministere fir d’Finanzen an d’Mobilitéit hir Meenung gefrot (Fro Nr. 439) zur belscher Propose fir eng zousätzlech Steier op déi kommerziell Aviatioun anzeféieren.

 

Deel dëse Post: