AECR–Comitéssëtzung: d’Famill vun de Konservativen a Reformiste wiisst!

Vum 9. bis den 12. Mee 2013 war de Comité vun der AECR (Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten) an Island zesummen. Déi Reunioun huet confirméiert, datt d’AECR, den Daachverband vun de konservativen a Reform-Parteien, den eenzege pan-europäesche Parteieverband ass, deen net nëmme wiisst, mee och nach ganz séier méi grouss a méi staark gëtt.

An Island hunn eng griichesch, eng rumänesch an eng Partei vun de Färöer Inselen offiziell hir Kandidatur fir eng Memberschaft gestallt. Eng aner, grouss Partei aus dem europäesche Raum ass sech och der AECR virstelle komm.

D’Konferenz selwer huet sech mat Theme wéi der transatlantescher Zesummenaarbecht, der Situatioun vum islännesche Finanzsecteur, der europäescher Energiepolitik, dem Kampf géint d’Korruptioun an nach aneren, aktuelle Sujete beschäftegt.

Aus Lëtzebuerger Siicht war et besonnesch positiv fir kënne festzestellen, datt den AECR-Tresorier, den ADR-Vizepresident Roy Reding, eestëmmeg zum Compliance officer vun der AECR ernannt gouf.

D’ADR war op der Konferenz duerch den Deputéierte Fernand Kartheiser vertrueden.

no images were found

Deel dëse Post: