ADR-Walkongress: “Traut hinnen net!”

Zwou kuerz Rieden vum Parteipresident Jean Schoos (Spëtzekandidat am Osten) a Gast Gibéryen (Deputéierten a Spëtzekandidat am Süden), e gutt gefëlltene Sall an duerno zwou Stonnen gemittlech raschten mattsen am Stress vun der Walkampagne: Datt ass Tigerbalsam fir d’Knache vun deenen, déi selwer Plakater gepecht an opgeriicht hunn, a Balsam fir d’Nerve just dräi Woche virum Waltermin. D’ADR hat duerfir an de Kulturzenter vu Bouneweg geruff, an de Sall war gutt gefëllt.

De Jean Schoos huet nach eemol d’Haaptpunkten vum ADR Walprogramm presentéiert, déi do sinn Wuesstem, Famill, Lëtzebuerger Sprooch, besser Schoulen a Migratiounspolitik. De Gast Gibéryen huet op seng Aart a Weis ofgerechent mam politesche Géigner: witzeg, bësseg, awer ouni ouni ënnert de Rimm ze schloen. Vill vun deenen, déi viséiert waren, kéinte sech vum Gast senger politescher Riedkonscht eng Scheifchen ofschneiden … besonnesch, wat dat mam Fachen ënnert de Rimm ugeet. 

An der Press si mir eigentlech och ganz gutt ewechkomm, un Iech erauszefannen, firwat eng Zeitung einfach kee gutt Hoer un eis gelooss huet.

Biller vum Walkongress

Deel dëse Post: