ADR-Sektioun Déifferdeng schwätzt sech fir Neiwalen aus

D’ADR-Sektioun Déifferdeng huet d’Evenementer vun deene leschte Méint zur Kenntnis geholl a schwätzt sech fir Neiwalen aus. Et kann net sinn, datt verschidde Parteie mordicus probéieren eng Coalitioun ze forméieren, déi grad esou wéineg dem Wielerwëllen entsprécht, ewéi datt de Siwentgewieltene Buergermeeschter gëtt. D’Déifferdenger verdéngen en demokratesch legitiméierte Gemengen- a Schäfferot a mussen dofir net nëmmen nees zu Wuert kommen, mä och gehéiert ginn!

Ass déi aktuell Situatioun, wat d’Zesummesetzung vum Gemengen- a Schäfferot ugeet, nach vertrietbar? D’Äntwert vun der ADR-Sektioun Déifferdeng ass ganz kloer Neen! Wann déi Fro scho bei der Decisioun vun der DP-Sektioun Déifferdeng, dem Siwentgewieltenen de Buergermeeschterposten unzebidden, gerechtfertegt war, dann ass se elo, wou ganz oppen iwwert eng méiglech rout-gréng-schwaarz Coalitioun diskutéiert gëtt, onëmgänglech.

Wat fir eng Glafwierdegkeet huet dann nach eng CSV, déi um nationale Plang eng Dräier-Coalitioun als „Schreckgespenst“ duergestallt huet, an zu Déifferdeng esou engem Konstrukt net ofgeneigt wier? A wéi steet et mat all deene Projeten, géint déi souwuel d’LSAP-, wéi och d’CSV-Vertrieder gestëmmt hunn an déi op d’mannst zum Deel elo musse vun hinne gedroe ginn?

Den dräi potentielle Coalitiounspartner geet et ganz kloer net ëm iergendeng Zukunftsvisioun fir Déifferdeng, a scho guer net ëm Inhalter, mä exklusiv ëm Posten an ëm Muecht. Dofir fuerdert d’ADR-Sektioun Déifferdeng, datt esou séier wéi méiglech Neiwale stattfannen an datt d’Bierger nees gefrot ginn, wéi et mat hirer Stad soll virugoen!

Deel dëse Post: