E Freideg, den 8. Oktober, huet d’ADR sech virum Alen Tramsschapp Rendez-vous ginn, fir fir de Referendum ze proadréieren!
Vill Leit haten de Wee op d’Plaz fonnt.
Freideg den Owend 18 Auer: D’ADR huet sech et net huele gelooss, fir bei der sougenannter “Informatiounscampagne” vun der Chamber dobäi ze sinn an op der Plaz fir de Referendum ze proadréieren!
De Piquet war mat enger ronn 100 Demonstrante gutt besicht an d’Leit hunn hirem Onmutt Loft gemaach.
Mat Calicot’en, selwer gebastelte Schëlder, Trommelen a Päifen, hunn d’Leit drop opmierksam gemaach, datt si de versprachene Referendum wëllen!
Am “Alen Tramsschapp” hu sech du vun 19 Auer un de Chamberpresident Fernand Etgen (DP) souwéi d’Deputéierte Léon Gloden (CSV), Mars Di Bartolomeo (LSAP), Simone Beissel (DP), Charles Margue (Déi Gréng), Nathalie Oberweis (déi Lénk), Marc Goergen (Piratepartei) an de Fernand Kartheiser vun der ADR, déi de Referendum als eenzeg Oppositiounspartei vun Ufank u konsequent verlaangt huet, de Froe vun de Bierger gestallt.
Obwuel e ganz kuerzfristeg ugekënnegt gouf, huet den Informatiounsowend zu der neier Verfassung breeden Uklang fonnt an et koum zu ganz ugereegten Diskussiounen tëschent de Leit an hire parlamentaresche Representanten.
De Fernand Kartheiser, deen sech no der Versammlung als eenzege Volleksvertrieder och de Froe vun den Demonstrante gestallt huet, gouf fir säi Courage a säi konsequenten Asaz fir de Referendum mat Applaus vun hinnen empfaangen. Hien huet seng Erliefnisser vum Owend follgendermoossen zesummegefaasst:
“Et ware ganz vill Onéierlechkeeten an den Echangë mat de Leit, ganz vill Auswäichungen, ganz vill Versich ze vertuschen, wat wierklech an dem Parlament geschitt, an ech hu fonnt, datt d’Leit oft onéierlech behandelt gi sinn.” Esou de Fernand Kartheiser no der Versammlung.
Vun deenen anere Chambersvertrieder hat eenzeg d’Nathalie Oberweis (déi Lénk) iwwert dem Goen nach e kuerze Statement ofginn.
D’ADR entschëllegt sech bei den Awunner am direkten Ëmfeld fir de Kaméidi an hofft ob hiert Versteesdemech. Mir soe Merci dofir. A si distanzéiert sech och vun den “Andrénglengen” am Sall, déi net zur ADR gehéiert hunn!