ADR-Presseiessen: Mir brauchen eng aner Politik fir Lëtzebuerg!

A senger Ried virun der versammelter Press ass den ADR-Fraktiounspresident Fernand Kartheiser op den Zoustand vun eisem Land agaangen an huet en Ausbléck gemaach, wéi eng Iddien a Visioune Lëtzebuerg elo brauch, wa mir net weider sollen an eng akut Krisesituatioun kommen. Ronn 130.000 Leit liewen un oder ënnert der Aarmutsgrenz. An deem Kontext mécht d’Regierung awer weiderhin eng Politik, déi grad déi finanziell schwaach Stéit weider belaascht. D’Präisser fir de Sprit an de Brennes klammen an den Himmel an d’Regierung ass aus ideologesche Grënn net bereet, dorun iergendeppes ze änneren. De Fernand Kartheiser betount an deem Kontext, datt d’ADR d’Partei mam soziale Gewëssen ass. Fir eis ass d’Aussetze vum Index inakzeptabel, genee esou inakzeptabel ass et, datt de Mindestloun nach ëmmer besteiert gëtt an d’Steiertabell net un d’Inflatioun ugepasst gëtt.

Weider Suerge maachen der ADR, datt eis Regierung dobäi ass, d’Famill ze dekonstruéieren. Vill Elteren hunn iwwerhaapt keen anere Choix méi, wéi hir Kanner an eng Betreiungsstruktur ofzeginn. Eng dréngend Fuerderung vun der ADR ass, datt Elteren, déi sech entscheeden, hir Kanner doheem ze erzéien, net méi finanziell diskriminéiert däerfe ginn. Weider Suerge maachen der ADR d’Meenungsfräiheet, déi ëmmer méi ageschränkt gëtt a vill Leit hunn d’Gefill, net méi oppe soen ze däerfen, wat si denken.

Et war de Mëttwoch awer och de Moment, fir an engem méi entspaante Kader Zäit mat de Journaliste kënnen ze verbréngen. D’Press ass nämlech quasi de véierte Pouvoir am Land. An deem Sënn huet den ADR-Fraktiounschef och nach eemol un hir wichteg Missioun appelléiert, fir zu Lëtzebuerg de Meenungspluralismus an eng oppen Debattekultur ze fërderen.

E puer Andréck vum Presseiessen:

Presseiessen 2022

Deel dëse Post: