ADR prësentéiert proaktiv Familjepolitik

Kärzell Famill

Haut Mëttwoch mueren, den 12. November, huet d’ADR der Press hier Virstellungen zur Familjepolitik presentéiert. Ouni d’gratis Kannerbetreiung, déi d’Koalitioun wëllt ubidden, ofzeleenen, wëlle mär och eppes fir déi Elteren maachen, déi d’Wiel treffen, hier Kanner doheem selwer ze betreien. Dat a Form vun engem Betreiungsgeld pro Kand.

Dat soll d’edukativ Aarbecht valoriséieren, déi eng Mamm oder e Papp doheem leescht an och de Wärt vum Kand an eiser a fir eis Gesellschaft eraussträichen. D’Famill behält de Choix an kritt och Ënnerstëtzung, wann ee vun de Partner doheem bleiwt. Dësen gët och sozial ofgesëchert. Als soziale Kritär proposéiert d’ADR souwuel eng deelweis Besteierung vun der Gratisbetreiung a vun der Zoulag (mat Fräibeträg). Doniewt soll d’Kannergeld mat sénger Progressioun an ouni Kierzungen erhalen bleiwen.

Tabell fir d’Gratis-Betreiung a Strukturen


Tabell fir D’ADR-Betreiungszoulag (een Elterendeel bleiwt doheem)


Tabell fir de Käschtevergläich

Deel dëse Post: