ADR Nationalkongress 2021 ënnert dem Motto: Eng nei Verfassung? Nëmmen duerch e Referendum!

Dat war eise groussen Thema um Nationalkongress. An dat aus guddem guddem Grond: Déi 3 Gambia-Parteien zesumme mat der CSV drécken de Wieler op d’An well si eis Verfassung ofännere wëllen, ganz ouni Bierger-Referendum! Net mat der ADR! DP, LSAP, Gréng an CSV briechen hiert Walverspriechen a mir loossen si domadder net duerchkommen!  Eng nei Verfassung kann nëmmen duerch e Referendum vum Lëtzebuerger Vollek legitiméiert ginn! Eng entspriechend Resolutioun ass vun iwwer 100 Memberen eestëmmeg ugeholl ginn.

Fannt hei Fotogalerie vum  Nationalkongress am Parc-Hotel zu Dummeldeng.

De Link vun der ADR-Resolutioun op Lëtzebuergesch a Franséisch fannt dir hei:

Deel dëse Post: