ADR géint Schikane fir déi nieweberufflech Land- a Forstwirtschaft

Datt eis Staatsfinanzen zënter Joren aus dem Gläichgewiicht sinn, ass bekannt. An datt d’Regierung probéiert, dëse Problem éier duerch Steier- an Taxenerhéijungen ze léisen, wéi duerch verstänneg Spuermoossnamen, kréien d’Leit all Dag méi ze spieren.

Dat jéngst Beispill ass, datt déi speziell Konditiounen, déi fir déi landwirtschaftlech Gefierer gëllen (Exoneratioun vun der Stroossentax a bëllege Mazout) elo net méi fir déi meescht kleng a meeschtens eeler Gefierer gëllen, déi vu ville Leit am Nieweberuff gebraucht ginn, z.B. beim Entretien vu Bongerten, bei Schofs- oder Geessenziichtung, bei klenge Bësch- an Holzaarbechten.

D’Douanes- an Acciseverwaltung huet all déi Leit ugeschriwwen, fir hinne matzedeelen, datt si dëse klengen Avantage géife verléieren, wann si net noweise kéinten, datt si haaptberufflech Baueren oder Wënzer wieren, respektiv d’Bëschaarbecht als wirtschaftlech Aktivitéit géife bedreiwen.

D’Opreegung ënnert all deene Leit, déi net haaptberufflech eng landwirtschaftlech Aktivitéit bedreiwen, ass grouss, an z.B. de“Groupement des sylviculteurs“ huet seng Membere gebieden, sech an engem Schreiwes dogéint ze wieren.

D’ADR kann sech nëmme wonneren, wat d’Regierung sech alles afale léisst, fir mat ëmmer neie Schikane Geld an d’Staatskeess anzedreiwen, woubäi den administrativen Opwand an dësem Fall bal méi grouss ass, wéi d’Plusvalue fir de Budget. Amplaz déi kleng Leit, déi mat hiren Aktivitéiten an der Natur dem Land en Déngscht leeschten, ze schikanéiren, wier et besser, d’Regierung géif déi organiséiert grouss Steierhannerzéiung duerch eng Stäerkung vun der betreffender Verwaltung bekämpfen an endlech derzou iwwergoen, mat hirer massiver Geldverschwendung, fir déi et honnerte Beispiller gëtt, opzehalen.

D’ADR fuerdert d’Regierung duerfir op, dësen Unfug ze stoppen, an déi Leit, déi sech nieweberufflech an am privaten Asaz fir d’Natur engagéiren, a Rou ze loossen.

Deel dëse Post: