ADR-Europameeting: Fir en Europa vun den Natiounen!

Zu Weimeschkierch ass de 25. Abrëll den ADR-Europameeting an enger gudder Ambiance iwwert d’Bühn gaangen. De Walprogramm fir d’Europawalen de 26. Mee ass fir eng éischte Kéier virgestallt ginn. Et  gouf mat enger Gedenkminutt fir de verstuerwene Grand Duc Jean ugefaangen. Am Kader vum Haapt-Walslogan “Fir en Europa vun den Natiounen”, huet den ADR-Spëtzekandidat Gast Gibéryen erkläert firwat et bei dëse Walen ëm ganz vill geet! Op der enger Säit stinn déi Parteien déi nach méi e staarken Zentral- respektiv Federalstaat an Europa wëllen, an domadder a Kaf huelen datt déi National Parlamenter weider u Souveränitéit verléieren. Op der anerer Säit stinn da Parteien wéi d’ADR déi sech dofir staark maachen datt jiddwer Nationalstaat och weiderhin Decisioune kann huelen ouni alles vu Bréissel diktéiert ze kréien. D’ADR huet op alle Fall eng ganz staark Lëscht Opweises, niewent dem Gast Gibéryen, sinn et de Fred Keup, d’Sylvie Mischel, de Fernand Kartheiser, d’Nicky Stoffel an d’Tessy Brisbois déi an Héichform waren a mat vill Engagement wichteg Deeler aus dem Walprogramm virgedroen hunn. Op adr-Tëlee komme mir nachmol a Bild an Toun op dës wichteg Manifestatioun zeréck!

Hei fannt Dir d’Interventiounen vum ADR-Europakongress:

Deel dëse Post: