ADR entlarvt “Schéi-Wie(r)der-Politik” vu Gambia2!

D’Ried vum Premierminister Xavier Bettel huet keng Äntwerte ginn op wichteg Froen. Gambia2 wëll weidermaachen, wéi bis elo. Wat dat fir Lëtzebuerg bedeit, huet den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser a senger Ried vum 14. Oktober iwwert d’Lag vun der Natioun androcksvoll gewisen: Gambia mécht eng Politik, déi de Stellewäert vun der Famill kontinuéierlech erofsetzt, eng Politik, déi eis Ekonomie duerch ideologesch a sënnlos Virschrëfte weider belaascht, wat grad a COVID-Zäite brandgeféierlech ass. Och d’Finanzpolitik vu Gambia2 ass en Desaster an déi zukünfteg Generatioune kréien d’Rechnung ze bezuelen. Besonnesch déi gréng Partei mécht eng Politik mat der Angscht, fir esou d’Leit ze manipuléieren. D’ADR huet eng aner Virstellung, wéi d’Politik eist Land an Zukunft gestalte soll. A ronn 50 Minutten entlarvt de Fernand Kartheiser déi “Schéi-Wieder”-Politik vun eiser Regierung a weist op déi katastrophal Konsequenze vun esou enger Politik hin. A senger onbequemer Ried weist de Fraktiounschef awer och Alternativen op, wéi mir Lëtzebuerg erëm op de richtege Wee féiere kënnen an ass iwwerzeegt, datt d’Leit dee Wee och an Zukunft wäerte matgoe wëllen.

Deel dëse Post: