ADR enthält sech bei Lycées-Fusioun, Kritik un der Personalpolitik vum Educatiounsministär

Den Educatiounsministär huet d’Fusioun vum Uelzecht-Lycée mam LTAM (Lycée technique des Arts et Métiers) duerchgesat. Eis Partei an d’CSV hu sech bei deem Vote enthalen. De Fernand Kartheiser huet awer d’Personalpolitik vum Educatiounsministär kritiséiert a sech op d’Grënnung vum Uelzecht-Lycée ënnert enger LSAP-Ministesch bezunn, grad ewéi op déi aktuell Situatioun ënnert engem DP-Minister. Den ADR-Deputéierten huet sech fir eng éierlech an transparent Ausschreiwung bei esou Posten ausgeschwat.

Deel dëse Post: