ADR bleift bei konsequentem “Nee zur Impfflicht”

De 7. Abrëll huet den däitsche Bundestag géint d’Aféierung vun enger allgemenger Impfflicht géint de COVID-19, fir Leit vu 60 Joer u gestëmmt. Schonn de 9. Mäerz hat Éisträich, dat als bis ewell eenzeg EU-Land eng allgemeng Impfflicht fir groussjäreg Awunner decidéiert hat, dës nees ausgesat. Ob se nach eng Kéier kann a Kraaft trieden, ass aktuell net gewosst, well ënner anerem eng Rei dateschutzrechtlech Froen ze kläre bleiwen.

Zu Lëtzebuerg huet d’ADR sech vun Ufank u konsequent fir d’Fräiwëllegkeet vun der Impfung ausgeschwat, d’Regierung huet iwwerdeems mat engem Zick-Zack-Cours geglënnert, wéi een se schonn aus enger Rei aneren Dossieren, leider nëmmen allzegutt kennt. Fir d’éischt huet et vu Säite vum Här Staatsminister geheescht, d’Impfung wier fräiwëlleg, op eemol gouf awer eng Impfflicht fir Awunner vu 50 Joer un ugekënnegt, mee mam Auslafe vun de COVID-Moossname vum 11. Mäerz hätt ee kënnen unhuelen, si hätt decidéiert, all Bedeelegtem e Gefalen ze dinn, an dëse Projet opgrond vun der allgemenger internationaler Entwécklung stëll ze begruewen.

Mee falsch geduecht. Am Kader vun der däitscher Ofstëmmung huet d’Regierung iwwert d’Madamm Justizminister matdeele gelooss, datt si fir Lëtzebuerg e Sonnerwee virgesäit an onbeirt un hirer fataler Iddi wëll festhalen, nëmme fir datt den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo kuerz duerno bei RTL mat de Wierder zitéiert gëtt, datt “d’Impfflicht misst eng Hypothees fir den Hierscht bleiwen”.

D’Regierung schéngt sech, ënnert dem Stréch sou eens, wéi eebe soss och. D’ADR bleift hirer Positioun allerdéngs konsequent trei. Mir sti fir eng Impfung op fräiwëlleger Basis. Eng Impfflicht steet am Widdersproch zum Grondrecht op kierperlech Selbstbestëmmung. De politeschen Impakt vun esou engem Agrëff an d’Grondrechter wier laangfristeg onberechenbar.

Duerfir: Nee zur Impfflicht. Gëschter, haut an och muer!

Pressematdeelung vum 11. Abrëll 2022

Deel dëse Post: