ADR – Am Geescht vun de Grënnungspappe vun Europa!

D’Interventioun vum Fernand Kartheiser vum 12. Februar weist däitlech, datt d’Europapolitik vun der ADR ganz am Sënn vun de Grënnungspappe vun Europa steet. Eng sëllege Politik-Vertrieder beruffen sech ëmmer erëm op d’Déclaration Schumann, där hire 70te Gebuertsdag mir dëst Joer feieren – déi nämmlecht Leit, déi net méi am Geescht vun der Europäescher Unioun handelen an ëmmer méi de Wee fräimaache fir e federalistescht Europa. D’Interventioun vum Süd-Deputéierte weist dowéinst, datt d’Mënschen an Europa eng zentralistesch Politik ëmmer manner acceptéieren.

 

Deel dëse Post: