ADR a Wuert a Bild: Walkampf op RTL

Am Kader vun den Europawalen hat eis Partei zwee wichteg Optrëtter. Eise Spëtzekandidat Gast Gibéryen an de Fernand Kartheiser hu bei béide Geleeënheeten nach eemol kloer gemaach, firwat d’ADR steet. Et gëtt och ëmmer méi däitlech, wéi mir eis vun allen anere Parteien ënnerscheeden. Et schéint ewéi wann all déi aner Parteie prett wären fir Lëtzebuerg an engem europäeschen Zentralstaat opzeléisen. A si schéngen ze mengen, dat wär dat normalst6 vun der Welt, wann ee gesäit wéi si op déi proeuropäesch awer kritesch ADR-Positioune reagéieren.

RTL huet och nach en Interview mam tschecheschen EP-Deputéierte Jan Zahradil gefouert. Hien ass Spëtzekandidat vun der ACRE fir d’Eruopawalen. D’Alliance of Conservatives and Reformists in Europe ass e Parteienzësummeschloss, an deem och d’ADR Member ass an de Jan Zahradil war op eis Invitatioun zu Lëtzebuerg.

An och iwwert de Start vun eiser Europakampagne huet RTL eng Reportage gemaach.

Ganz interessant am Kader vun dëse Walen war awer och eng Interventioun vun der fréierer CSV-EP-Deputéierter Astrid Lulling an enger “Carte blanche” op RTL. Si wiert sech dergéint, datt d’Resultat vum Referendum vun 2015 (och vun hirer Partei an där hir nostoender Gewerkschaft LCGB) soll ëmgaangen an d’Auslännerwalrecht awer agefouert ginn. D’Madamm Lulling ass op alle Fall méi no bei der ADR wéi bei der CSV.

Deel dëse Post: