ADAPTO: Wien eng Kaart huet, soll se kënne behalen

D’ADR begréisst, datt den ADAPTO–Service elo gratis gëtt. Dëst ass e wichtege Schrëtt fir deenen eelere Leit a Persoune mat enger Behënnerung entgéintzekommen, déi gravéierend Mobilitéitsproblemer hunn.

D’ADR versteet och, datt esou e Service sollt prinzipiell fir déi Leit reservéiert sinn, déi sech aus medezinesche Grënn net fräi an onofhängeg kënne beweegen. Et däerf selbstverständlech net zu engem Mëssbrauch vun esou engem Service kommen.

D’ADR versteet awer net, firwat all déi Leit, déi schonn an der Vergaangenheet esou eng Kaart kruten, also all legal Konditiounen erfëllt hunn, elo op e Neits mussen all déi Prozeduren op sech huelen.

Dëst ass fir vill eeler Leit a Persoune mat enger Behënnerung eng onnéideg administrativ Schikan. Vill vun hinne fäerten, datt si déi Kaart elo net méi kënne kréien an doduerch e wichtegt Stéck vun hirer Liewensqualitéit verléieren. D’ADR gëtt och ze bedenken, datt dës schwéierfälleg Prozedur een u sech onnéidegen an deieren administrativen Opwand bedeit.

D’ADR verlaangt, datt déi Leit, déi schonn eng ADAPTO-Kaart hunn, dës och an Zukunft kënne viru benotzen. D’Konditioune fir nei Kaarten ze accordéieren, sollen un transparent an objektiv Critère gebonne sinn. D’ADR akzeptéiert net, datt den Transportminister elo wëll op Käschte vu villen eelere Leit a Persoune mat enger Behënnerung Sue spueren.

 

ADR-Pressematdeelung vum 24. Februar 2020

Deel dëse Post: