Accord mam Cap Vert: Et hapert un der Form

D’Form vun engem Accord iwwer d’Migratioun an d’solidaresch Entwécklung huet gemaach, datt d’ADR sech bei der Ofstëmmung, de 27. Juni an der Chamber, enthalen huet. De Fernand Kartheiser huet erkläert firwat, a virun allem huet hien op vill Iwwerflësseges an Onkloeres an deem Vertrag higewisen.
Hien huet awer och a punktueller Kritik gewisen, wéi gutt hien den Dossier kennt. Dat gëlt zum Beispill, wann den ADR-Deputéierten drop hiweist, datt Verflichtungen aus dësem Vertrag kéinten den EU-Verflichtungen um Aarbechtsmaart entgéintstoen. Hei spillt d’préférence communautaire nämlech eng Roll an déi verlaangt, datt bei gläicher Qualifikatioun e Lëtzebuerger oder en EU-Bierger Virrecht op eng Plaz huet. Gestéiert huet de Fernand Kartheiser och um Text, datt d’Regierung iwwer Bréif mat der Regierung vum Cap-Vert kann d’Zuelen vun deene Mënschen, déi a Formatioun kommen, änneren, ouni datt d’Chamber nach eng Kéier misst gefrot ginn.

 

Deel dëse Post: