Abstrus Politik am Bausseministère ass egal wat

De Bausseminister Jean Asselborn gesäit sech “leider” duerch e Rechtsstaat ageenkt. E Flüchtling, dee no faktescher Iwwerpréiwung vum Bausseministère de Statut net kritt, prozesséiert e puer Joer virum Verwaltungsgeriicht. Gëtt dann d’Decisioun vum Bausseministère vum Geriicht bestätegt, sicht de Bausseminister der betraffener Persoun, déi kee Recht méi huet sech am Land opzehalen, eng Aarbecht fir hir Situatioun ze regulariséieren. An dee Bausseminister, dee mat esou Prozeduren d’Steiersuen zur Fënster erausgeheit a seng Beamten an eis Justiz hannergeet, seet dat dann och nach haart op der Chamberstribün.

De Fernand Kartheiser huet dorops eng parlamentaresch Fro gestallt fir dës Praxis emol méi no ze kucken. De Minister ass a senger Äntwert formell. Vum Geriicht a leschter Instanz deboutéiert „Demandeurs de protection“ gi vum Ministère iwwert den Aarbechtsmaart regulariséiert. Do ass näischt aus dem Kontext gerappt.

Fro

Den Här Bausseminister huet de 9. November un der Chamberstribün erkläert, hie géif deboutéiert Flüchtlingen iwwert de Wee vum Aarbechtsmaart regulariséiere loossen, fir datt si net ausgewise ginn. Ech hunn dëse kuerze Verbatim erstallt: „Ech gi kengem de Statut. De Statut kritt een um administrative Plang am Ministère, do si Leit, déi weider näischt maachen, déi d’Leit enquêtéieren an déi da Jo oder Nee soen. Wann et Nee ass, ass et d’Geriicht, wat déi lescht Decisioun hëlt. D’deet mer leed, et ass de Rechtsstaat wéi en zu Lëtzebuerg funktionéiert. A mir kucken elo, jiddereen, deen de Statut net kritt huet, dass mer e kënnen, wann en eng Méiglechkeet huet fir schaffen ze goen, dass mer e kënnen iwwer deen Travailleur-Statut, dass se kënnen zu Lëtzebuerg bleiwen, dat ass dat, wat mer maachen.”

Dëst Virgoe werft awer eng Rëtsch vu Froen op, déi ech heimat wéilt stellen.

  1. Ass den Här Minister der Meenung, datt eng geriichtlech Decisisoun an engem Rechtsstaat muss respektéiert ginn an datt deemno eng Persoun, déi de Statut definitiv refuséiert kritt huet, esou séier wéi méiglech muss d’Land verloossen?
  2. Ass eng Prozedur, déi dorop eraus leeft, eng Decisioun vun engem Verwaltungsgeriicht virsätzlech ze ëmgoen, net eng Mëssuechtung vun der Justiz?
  3. Sicht den Här Minister systematesch all DPI, deen deboutéiert ginn ass, eng Aarbechtsplaz? Wéi dacks ass dat an deene leschte Jore geschitt an aus wéi enge Länner koumen déi betraffe Persounen?
  4. Firwat probéiert den Här Minister, deen dëse Persoune de Statut jo an där éichter Phas vun der Prozedur net accordéiert hat, si dono iwwer den Travailleur-Statut awer am Land ze halen, och esou guer da wa si geriichtlech ofgewise goufen?

Ass et net eng Mëssuechtung vun de Rechter vun deene ville Leit, déi hei am Land  eng Aarbecht ënner reguläre Conditioune sichen, fir mat Ministermuecht Leit eng Plaz ze sichen an doduerch géintiwwer aneren ze privilegiéieren, déi a priori keen Usproch op en Zougang zum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart hunn?

Äntwert

Äntwert vum Här Aussen- an Europaminister op d’parlamentaresch Fro 7195 vum 15. November 2022 vum honorabelen Deputéierten Här Fernand Kartheiser

Ech well ënnersträichen, dass den Här Deputéierte meng Wieder vum 9. November aus der Chamber voll a ganz aus dem Kontext gerappt huet. Meng Ausso huet sech exklusiv op déboutéiert Afghanen limitéiert déi mir net an hiert Heemechtsland kennen zréck schécken. Wann définitiv festgestallt ginn ass, dass een afghaneschen Demandeur de Protection internationale kee Recht op Protectioun huet, a mir hien awer net kennen zréckschécken, da läit et fir mech op der Hand, esou enger Persoun via eng Aarbecht eng Openthaltsgeneemegung ze accordéieren an hier esou ze erlaben, hiert Liewen hei ze maachen, a Plaz si an d’Illegalitéit ze drécken. Doriwwer eraus siche weder ech, nach d’Agenten am Ministère, Persounen eng Aarbecht zu Lëtzebuerg, déi mussen si selwer sichen. D’Prozedur an d’Konditioune fir eng Openthaltsgeneemegung op Basis vum Immigratiounsgesetz vun 2008 ze kréie sinn onofhängeg vun deene vum Asylgesetz vun 2015. Et ginn keng Décisiounen déi souverän vum Geriicht geholl goufen, a Fro gestallt.

Deel dëse Post: