Abrochstatistik: Wat gëtt verheemlecht?

An enger parlamentarescher Fro vum 4. November huet de Norddeputéierte Jeff Engelen déi kritesch Fro opgeworf, ob d’Statistik vu Säite vun der offizieller Presseplaz vun der Police iwwert d’Abréch zu Lëtzebuerg och wierklech komplett ass. Laut verschiddene Quellen, bei deenen de Wourechtsgehalt och bestätegt konnt ginn, waren esou z.B. am Kanton Klierf wesentlech méi Abréch, wéi an der Statistik opgefouert goufen. De Jeff Engelen stellt an deem Kontext eng weider Fro, wat nämlech de Grond dofir ass, datt net all Abréch vun der Police publizéiert ginn.

D’Äntwert vum deemolege Minister fir bannenzeg Sécherheet, Etienne Schneider, werft allerdéngs méi Froen op, wéi si der beäntwerte kann. Wiertlech steet an der Äntwert vum Minister: D’Pressestell vun der Police verëffentlecht all Dag eng Oplëschtung vun relevanten Fait ‘en (…)“.

An éischter Linn stellt sech d’Fro, ab wéini e „Fait“ fir d’Police „relevant“ gëtt. D’Fro stellt sech also, ob an der Jores-Statistik all d’Abréch erfaasst ginn, oder just déi „relevant“ – wat och ëmmer dat heescht. Et dréit sécherlech net zum Sécherheetsgefill vun deene vun engem Abroch Betraffene bäi, wann net all Delikt op eng transparent Manéier esouwuel erfaasst, ewéi och verëffentlech gëtt.

D’ADR-Norde fuerdert, datt beim Erfaasse vun Abréch zu Lëtzebuerg keng Ënnerscheeder gemaach ginn, wat de Schweregrad vun der krimineller Handlung ugeet. All Abroch – och versichten Abréch – sinn am selwechte Mooss relevant an ze veruerteelen. Et geet hei ëm näischt manner, ewéi ëm dee prinzipiellen Opdrag vun enger Regierung, fir d’Sécherheet an d’Sécherheetsgefill vum Bierger ze suergen.

 

Pressematdeelung vum 18. Januar 2019 vun der ADR Norden.

Deel dëse Post: