Katastrophal Aarbechtszoustänn bei Qatar Airways

An der internationaler Fachpress war rezent ze liesen, datt d’Pilote vu Qatar Airways sech doriwwer beschwéiert hunn, datt d’Fluchgesellschaft souwuel hir Déngschtzäiten illegal erofrechent wéi och hir Mindest-Rouzäiten net anhält. Sou ginn z.B. hir inaktiv Zäiten u Bord vum Fliger, entgéint den EASA-Regulatiounen an aneren internationale Reegelen, vun den Déngschtzäiten erofgerechent. Als Konsequenz falen hir Rouzäiten, déi sech a Funktioun vun den Déngschtzäite berechnen, dann och méi kuerz aus ewéi dat gesetzlech virgesinn ass.

D’Pilote schwätze vu katastrophalen Zoustänn, wat d’Middegkeet bei den Equipagen ugeet, an datt et gängeg ass, datt d’Pilote wärend dem Fluch, an an Eenzelfäll esouguer wärend dem Landeufluch, ageschlof sinn. Wär et bei esou gravéierende Sécherheetsmängel aus nationale Sécherheetsgrënn an och zum Schutz vun den Awunner an der Zone d’approche vum Findel net absolutt noutwendeg, Qatar Airways hir Iwwerfluchs- a Landerechter mat direkter Wierkung ze entzéien?

Fir d’Regierung ass alles just hallef sou schlëmm:

Deel dëse Post: