Aarbechtsmoossnamen: wéi eng Effikassitéit?

Lëtzebuerg probéiert Leit, déi keng Aarbecht fannen, duerch Aarbechtsmoossnamen ënnert d’Äerm ze gräifen. An där Richtung gëtt et eng Rëtsch Initiativen. De Fernand Kartheiser wëll duerch eng parlamentaresch Fro Opkläerung, wéi effikass dës Moossname sinn an ob si hiert Zil, nämlech Leit an enger schwiereger Situatioun an den éischten Aarbechtsmaart ze integréieren, och erreechen. Soss wären dës Moossnamen just e kamoud Intsrument, fir d’Zuele vum reelle Chômage méi positiv duerzestellen.

Deel dëse Post: