Aarbechtsméiglechkeete fir d’„Gardiens de l’Armée“

Eng vun de ville Karriären, déi fräiwëllegen Zaldoten no hirem Déngscht opstinn, ass déi vum „Gardien de l’Armée“. Si bewaachen verschidde staatlech Gebaier. De Fernand Kartheiser freet d’Regierung, ob een net och aner international Institutioune kéint abezéien. D’Regierung huet awer kaum Interessi un der berufflecher Zukunft vun hiren Zaldotten, wann een op der Längt vun hirer Äntwert jugéiert.

Fro

„Gardien“ vun der Lëtzebuerger Arméi ass  eng vun de Karriär-Méiglechkeete vun de fräiwëllegen Zaldoten no hirem Déngscht.  Si sollen, ënner anerem, och fir d’Protektioun vu staatleche Gebaier agesat ginn.

An deem Kontext wéilt ech der Regierung dës Fro stellen:

  1. Denkt d’Regierung drun, z.B. iwwer de Wee vun engem Accord mat deene concernéierten Institutiounen, och de Gardiennage vun de Gebaier vun internationalen Institutiounen, déi hei zu Lëtzebuerg present sinn, prioritär vu Leit maachen ze loossen, déi an der Lëtzebuerger Arméi gedéngt hunn?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vum Verdeedegungsminister a vum Aussen- an Europaminister op d’parlamentaresch Fro n° 6646 vum 10. August 2022 vum honorabelen Deputéierten Fernand Kartheiser

Vu dass Gardiennage-Servicer fir Drëtter (ausser eventuell a Krisesituatiounen) net zu de Käraarbechte vun der Arméi gehéieren an och nëmme schwéier ëmsetzbar wieren, ass eng Ausweidung op international Institutiounen net envisagéiert.

Deel dëse Post: