A3 – wéi ginn d’Leit am Auto gezielt?

D’Autobunn A3 gouf endlech dräispuereg ausgebaut. Ma säit déi drëtt Spuer endlech opgaangen ass, huet se de geplote Chauffere méi Kappzerbrieches bereet wéi soss eppes. Et dierf een d’Spuer just benotzen, wann op mannst eng weider Persoun mat am Auto sëtzt. Selbstverständlech ginn an haitegen Zäiten dann och gläich entspriechend Radare matinstalléiert. Ma wéi kënnen déi d’Leit wierklech zielen. Erkennen si zum Beispill kleng Kanner hannen am Auto? De Fred Keup verlaangt Detailer:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Viru kuerzem goufen op der A3 neiaarteg Radaren installéiert, déi sollen iwwerwaachen, ob an de Gefierer, déi d’Spuer fir Fuergemeinschaften notzen, tatsächlech op mannst zwou Persoune sëtzen.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Fro stellen:

  • Kënnen déi nei Radaren och erkennen, ob e Puppelchen oder e klengt Kand hannen am Auto sëtzen? Falls jo, ginn dës als zweet Persoun gezielt?

 

Deel dëse Post: