A schonn nees den Ëmweltministère …

E Baustopp fir eng Crèche zu Biekerech wéinst enger Geneemegung, déi net do war, well eng wichteg Pièce am Dossier gefeelt huet … den Ëmweltministère schéingt nawell gutt opzepassen. Zweifele kommen dann awer op, wann een d’ganz Geschicht liest, déi de 5. August am Wort stoung. Nom Baustopp ass aus heiterem d’Forstverwaltung op deem zouene Schantjen opgedaucht an huet – anscheinend gratis – den Öko-Bilan gemaach, deen am Dossier nach gefeelt huet. De Fernand Kartheiser freet an enger parlamentarescher Fro zur Affär selwer, mee och zu de Prozeduren am Ëmweltministère. Hien zéckt net, an den Detaill ze goen mat 17 eenzelne Froen an engem Dokument – och doriwwer, datt eenzel Déngschtleeschtunge vum Ministère gratis sinn, wou aner Leit am nämmloechte Fall mussen Ingenieursbüroen bezuelen. Zwou Froe befaasse sech mam fréiere Fall vum Déifferdenger Buergermeeschter, wou d’Madamm Ëmweltminister och schonn iwwert d’Prozeduren vun hirem Ministère zur Riets gestallt gi war.

Deel dëse Post: