Wie bezillt de “verluerene Stroum” vum E-Auto?

Wann Dir en E-Auto (oder e Vëlo oder eng Trottinett) opluet, kënnt et zu Stroumverloschter. Den ADAC beziffert dëse Verloscht op 10 bis 25 Prozent vun deem, wat d’Batterie brauch. Dëse Stroum gëtt verrechent, mee gëtt néirens ugewisen. De Fernand Kartheiser wëll an enger parlamentarescher Fro wëssen, ob d’Besëtzer vun esou Autoen net sollte richteg informéiert ginn an ob d’Regierung Moossnamen ergraff huet, Elementer a Chargeuren a Luetstatiounen, déi besonnesch vill Stroum “verléieren”, hei am Land net zouzeloossen. 

Deel dëse Post: