Lëtzebuergesch-Kenntnisser bei der Astellung am kommunalen Déngscht

Zu engem rezente Fall, bei deem et ëm Lëtzebuergesch-Kenntnisser bei der Astellung am kommunalen Déngscht geet, huet den Norddeputéierte Michel Lemaire e puer Froen un d’Regierung.

Fro:

Mir gouf rezent e Virfall zougedroen, deen am Hibléck op d’Astellungspolitik bei de kommunale  Servicer – och legal gesinn – vill Froen opwerft. An der Gemeng Veiane gouf mengen Informatiounen no eng Persoun am Service technique an enger A1-Karriär agestallt, déi weder Grondkenntnisser am Lëtzebuergeschen, nach am Däitschen huet. An der Stellenausschreiwung stoung iwwerdeems, wat d’Sproochekompetenz ugeet, Follgendes: “Connaissance parfaite du luxembourgeois, de l’allemand, du français et de l’anglais.”

Ganz ofgesinn dovun, datt déi an der Stellenausschreiwung fir dës Plaz gefuerdert Sproochekenntnisser net erfëllt sinn, kéint hei eng Violatioun vum gesetzlech festgehalene Prinzip vum Beherrsche vun den dräi Landessprooche beim ëffentlechen a kommunalen Déngscht virleien, ergo kéinten also déi gesetzlech  a reglementaresch festgeschriwwe Krittäre bei der Stellenausschreiwung am kommunalen Déngscht violéiert gi sinn. Entspriechend Beanstandunge vu kommunalpolitescher Säit sinn ofgewise gi mat der Begrënnung, et wäer am Hibléck op den Artikel 105 vum modifizéierte Gemengegesetz keng Irregularitéit festzestellen. Weider Nofroen si leider onbeäntwert bliwwen.

Wann eng Derogatioun geholl gëtt, misst kloer sinn, datt keng aner Persoun d’Ufuerderungen erfëllt, wat – mengen Informatiounen no – net de Fall ass.

Besonnesch bedenklech ass iwwerdeems, datt déi agestallte Persoun duerch hir Aarbecht am Service technique vill am Kontakt mat der Bevëlkerung wäert stoen a grad zu Veianen, als Grenzstad, besonnesch och déi däitsch Sprooch eng wichteg Roll spillt.

Et ass och kritesch, datt an deem Fall d’Persoun weder eng schrëftlech Ufro verstoen, nach beäntwerte kann, et sief dann, si géif en Iwwersetzungsprogramm benotzen. Dëst ass awer sécherlech keng ideal Situatioun.

Am Artikel 4. vum Sproochegesetz vun 1984 steet awer kloer:

“Lorsqu’une requête est rédigée en luxembourgeois, en français ou en allemand, l’administration doit se servir, dans la mesure du possible, pour sa réponse de la langue choisie par le requérant.“

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:

  1. Wéi ass et an den Ae vun der Regierung ze veräntwerten, datt et am uewe beschriwwene Fall, wéi et schéngt, zu enger Violatioun vun de gesetzlech  a reglementaresch festgeschriwwene Krittäre bei der Stellenausschreiwung am kommunalen Déngscht komm ass, ouni datt déi dofir zoustänneg Autoritéiten am Inneministère – en parfaite connaissance vun deem, wat passéiert ass – reagéiert hunn?
  2. Wéi ass et an den Ae vun der Regierung ze veräntwerten, datt weider Nofroe vu kommunalpolitescher Säit, déi iwwerdeems respektvoll, exakt a präzis formuléiert goufen, einfach onbeäntwert goufen?
  3. Wéi gedenkt d’Regierung, en parfaite connaissance vun deem, wat sech zougedroen huet, elo ze reagéieren?

Foto Copyright: Wikipedia

Deel dëse Post: