Benotze vu KI am Journalismus

Datt mëttlerweil vill Zeitungsartikelen den Androck vermëttelen, datt se mat Hëllef vu KI redigéiert goufen, léisst sech net vun der Hand weisen. Dat wërft awer eng Rei Froen op, déi den Tom Weidig an den Dan Hardy der Regierung stellen.

Fro:

Verschidde Leit hunn eis matgedeelt, datt si besuergt sinn, wéi Zeitunge Journalismus mat KI-Tools verwässeren, respektiv ersetzen, och fir Suen ze spueren. Artikele géife mat AI-Tools iwwersat ginn oder komplett oder deelweis geschriwwe ginn. Si empfannen dës Entwécklung als Mëssbrauch vu Steiersuen, well dës Artikele jo kee richtege Méiwäert duerstelle géintiwwer dem Originalartikel an doduerch keng zousätzlech Pressehëllef justifiéieren. Dëst trëfft ëmsou méi zou, wéi hautdesdaags jiddwereen Zougang zu LLMs (“Large Language Models” wéi ChatGPT) huet a selwer en Artikel generéiere kéint.

Beweise léisst sech dës ugeprangert Form vu KI-Mëssbrauch an de wéinegste Fäll, mee et ass virauszegesinn, datt eleng de Verdacht op KI-Mëssbrauch net wéineg Lieser dozou beweege wäert, hiert Zeitungsabo ze iwwerdenken.

An deem Kontext hu mir follgend Froen un d’Madamm Minister:

  • Wéi bewäert d’Madamm Minister déi geäussert Kritik um Asaz vu KI-generéierten Inhalter duerch subventionéiert Presseorganer?
  • Si Presseorganer dozou verflicht, hir Lieser driwwer a Kenntnis ze setzen, datt a wéi eng Inhalter duerch KI generéiert oder iwwersat goufen? Wann net: Ass esou eng Informatiounsflicht fir d’Zukunft virgesinn?
  • Wéi stellt d‘Regierung sécher, dass staatlech Subventiounen net zur Finanzéierung vu qualitativ mannerwäertegem KI-Journalismus benotzt ginn?
  • Ass virgesinn, d’Héicht vun der Pressehëllef an Zukunft méi staark wéi bis elo u journalistesch Recherche an effektiv redaktionell Aarbecht ze knäppen, a manner u formal Krittären?
  • Plangt d‘Regierung eng ëffentlech Debatt zur Roll vu KI am Journalismus an déi doraus resultéierend Auswierkungen op d‘demokratesch Meenungsbildung zu Lëtzebuerg?

 

Foto Copyright: Pixabay

 

Deel dëse Post: