Zur neier Partydrog “Tusi” huet den Tom Weidig e puer Froen un d’Regierung.
Fro:
De Kokain-Konsum zu Lëtzebuerg ass duerch Analysen, déi vun der European Union Drugs Agency (EUDA) duerchgefouert goufen, gutt beluecht (cf. Artikel op wort.lu “Luxemburger koksen am liebsten montags” vum 30.3.2025). Eis ass zu Ouere komm, datt mëttlerweil d’Party-Drog “Tusibi” oder “Tusi” (no der englescher Aussprooch vun der Drog 2C-B) zu Lëtzebuerg Fouss gefaasst huet. Si gëtt dacks ënner der Bezeechnung „Pink Cocaine“ gehandelt, obschonns Studien nogewisen hunn, datt an dëser syntheetescher Drog mat halluzinogener Wierkung haaptsächlech Ketamin, an net 2C-B oder Kokain ass. De Mëssbrauch vun „Pink Cocaine“ ka verheerend Konsequenzen hunn, vu Panikattacke bis hin zu Häerzstëllstand.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Regierung:
- Den aktuellen Aktiounsplang „Drogendësch 0“ ëmfaasst 60 Moossnamen zur Bekämpfung vun Drogekriminalitéit zu Lëtzebuerg. Party‑Droge wéi Ecstasy, “Kokain-Plateauen” oder „Tusi“ ginn awer net explizit thematiséiert. Wéi schätzt d’Regierung d’Bedeitung vun de Party-Drogen am Gesamtkontext vun der Drogekriminalitéit zu Lëtzebuerg an?
- Plangt d‘Regierung spezifesch Preventiounscampagnen, fir iwwer Tusi opzeklären?
- Goufe schonns strategesch Asätz (z. geziilt Policepatrullen a Baren a Clubben) duerchgefouert, fir de Mëssbrauch vun de genannte Substanzen ze erfaassen an ze bekämpfen? Wa jo, wéi vill a mat wéi engem Resultat? Wann nee, sinn esou Asätz geplangt?
- Gëtt et eng Zesummenaarbecht mat Betriber aus dem Nuetsliewen, fir den „harm reduction“-Usaz ze stäerken, z.B. duerch Informatioun, Schnelltester oder „safe spaces“?
- Lëtzebuerg féiert reegelméisseg Ofwaasseranalysen duerch – an déi weisen, dass Kokain‑Réckstänn am europäesche Verglach relativ héich sinn, Cannabis och, aner Substanze manner. Ginn et Pläng, fir „Pink Cocaine“ am Kader vun dësen Ënnersichunge méi genee ze tracken?
- Lëtzebuerg ass scho säit Laangem op der Kaart vun den internationalen Drogekarteller a spillt als Transitland eng ëmmer méi wichteg Roll am europäeschen Drogenhandel, haaptsächlech bei Kokain a Cannabis. Gëtt „Pink Cocaine“ mëttlerweil och als Transitsubstanz erfaasst?