Lëtzebuerg huet mat dräi invasive Kriibsaarten ze kämpfen, déi eis Natur an Ëmwelt massiv schiedegen. An enger parlamentarescher Fro wëllen d’Alexandra Schoos an de Jeff Engelen gewuer ginn, wéi et elo weider geet.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister weiderzeleeden.
Zanter 40 Joer sinn an Europa invasiv amerikanesch Kriibsaarten, ewéi de Sumpfkriibs (Procambarus clarkii) noweisbar. A ville Regiounen an Däitschland breet sech eng weider invasiv Variant, den amerikanesche Signalkriibs (Pacifastacus leniusculus), onkontrolléiert aus. Dëst stellt eng akut Bedroung vun deenen do heemeschen Ökosystemer duer, well de Signalkriibs an de Flëss ganz Biotopen zerstéiert an doduerch d’Aartevillfalt drastesch reduzéiert. Doduerch datt de Kriibs sech immens séier ausbreet, ass et schwéier, där Situatioun nach meeschter ze ginn.
Och Lëtzebuerg huet mat invasive Kriibsaart ze kämpfen, deemno kann een an enger Publikatioun vun der Administration de la nature et des forêts (ANF) noliesen, datt hei direkt dräi Kriibsaarten – den amerikanesche Sumpfkriibs (Procambarus clarkii), den amerikanesche Kamberkriibs (Faxonius limosus) an den amerikanesche Signalkriibs (Pacifastacus leniusculus) – déi zu Lëtzebuerg heemesch Kriibsaart “Edelkrebs” (Astacus astacus) verdrängen. Dës invasiv Aarte breeden sech séier aus a stellen eng akut Bedroung fir eis Ökosystemer duer. Experten no ka grad de Sumpfkriibs kilometerwäit Strecken zeréckleeën a füügt als kannibalesch Aart an Allesfriesser eise fragillen Ökosystemer grousse Schued zou.
Dës invasiv Kriibsaarte fannen sech iwwerdeems esou wuel a stëlle Gewässer, ewéi och an de Flëss a Baachen – z.B. an der Our a Sauer. Bei der ANF kann een och noliesen, datt Lëtzebuerg riskéiert, datt sech weider invasiv Kriibsaarten, ewéi de Galizesche Sumpfkriibs (Astacus leptodactylus) an/oder de Kalikokriibs (Oronectes immunis) hei ausbreeden. Laut engem EU-wäiten Aktiounsplang mussen dës invasiv Kriibsaarten agedämmt ginn.
An deem Kontext hätte mir follgend Froen un d’Regierung:
- Huet den Ëmweltministère Informatiounen doriwwer, zanter wéini invasiv amerikanesch Kriibsaarten zu Lëtzebuerg noweisbar sinn?
- Wéi huet sech d’Populatioun vun den invasive Kriibsaarten zu Lëtzebuerg an de leschten zwanzeg Joer entwéckelt? Ass festzestellen, datt d’Populatioun exponentiell séier wiisst?
- Wéi steet et an deem Kontext mam heemeschen Edelkriibs? Sinn d’Bestänn noweislech zeréckgaangen, respektiv besteet e Parallelismus tëscht dem Réckgang vun der heemescher Kriibszort an dem Zouwuess vun invasive Kriibsaarten?
- Sinn eis heemesch Ökosystemer an den Ae vum Ëmweltministère duerch déi invasiv Kriibsaarten akut a Gefor, respektiv riskéieren si an Zukunft a Gefor ze geroden, wann d’Verbreedung vun den invasive Kriibsaarten esou weider geet?
- Wéi schätzt den Ëmweltministère an deem Kontext déi weider Entwécklung an?
- Huet Lëtzebuerg am Kader vum EU-wäiten Aktiounsplang fir d’Bekämpfe vun invasiven Aarten, dorënner och Kriibsaarten, schonn éischt Schrëtt an d’Weeër geleet, respektiv e Konzept erstallt, wéi mir déi invasiv Kriibsaarte kënnen andämmen?
- Ginn an deem Kontext déi invasiv Kriibsaarten zu Lëtzebuerg den Ament aktiv bekämpft? Wa jo, wéi geet een hei vir a wéi gestalten sech d’Resultater?
Mat déiwem Respekt, Jeff Engelen / Alexandra Schoos – Deputéierten