Kréien a Kueben sinn net onbedéngt d’Lieblingsdéiere vun eise Baueren. Zu dëser Thematik huet d’Alexandra Schoos e puer Froen un d’Regierung.
Fro:
Am Artikel vum Luxemburger Wort vum 6. August 2025 „Auf diesen Feldern wächst Luxemburgs „Gold der Anden““ gëtt ënnert anerem op d’Problematik higewisen, datt Kréien a Kueben immens vill Schued fir de Bauer uriichte kënnen, andeems si déi frësch geséite Käre friessen. Hei kritt de Bauer zwar eng Entschiedegung fir den Ausfall vu senger Recolte bezuelt, mee déi kann den Ertrag vun enger Recolte natierlech net opweien.
Dacks gëtt och bericht iwwert „plëtzlecht“ Kuebestierwen a méi groussem Ausmooss (z.B. am Artikel vum Luxemburger Wort vum 16. Mee 2024 „Rabensterben in Bettemburg ist nicht der erste Vorfall“).
Hei zu Lëtzebuerg ass et verbueden, Kréien oder Kueben ze joen oder dout ze maachen, mat der Ausnam vun engem Fall: wann dës Vullen eng Gefor fir d’ëffentlech Gesondheet duerstellen. Déi Ausnam muss dann allerdéngs vum Ëmweltministère geneemegt ginn.
An deem Zesummenhang géing ech der Madamm Minister an dem Här Minister gär follgend Froe stellen:
- Wéi grouss waren d’Schied an der Landwirtschaft – verursaacht duerch Vullen, déi zur Famill vun de Corvidae gehéieren –, déi rembourséiert gi si vum Joer 2023 bis haut, an dëst opgeschlësselt no Joer?
- Ginn et Iwwerleeungen, ob d’Vulle vun der Famill vun de Corvidae, am Fall vu beispillsweis grousse landwirtschaftleche Schied oder enger Iwwerpopulatioun, zäitlech a raimlech limitéiert och solle gejot duerfe ginn – dëst am Sënn vun engem naturschutzrechtleche Wëlddéieren-Management, an net ënnert dem normale Juegdrecht?
- Wéi stellt d’Regierung sécher, datt Bierger net op eege Fauscht géint d’Problemer vun enger Iwwerpopulatioun – an déi domat verbonne Schied un der Landwirtschaft souwéi d’Verschmotzung an de Stied – virginn an dobäi op illegal an dacks déiereschutzwiddreg Mëttel zeréckgräifen, fir d’Vullen ëmzebréngen?