Zur geplangter landeswäiter Aféierung vum “Projet ALPHA” huet de Fred Keup nach eng ganz Rei vu Froen un d’Regierung:
Fro:
An der gemeinsamer Äntwert vun den Häre Schoul- an Inneminister op d’parlamentaresch Fro Nr. 1945 vun der honorabeler Deputéiert Francine Closener zur landeswäiter Aféierung vum “Projet ALPHA – Zesumme wuessen” heescht et:
„Wéi am Ad 1) schonn erkläert, kruten d’Regionaldirektiounen den Optrag, fir zesumme mat de Gemengen déi Raimlechkeeten ze identifizéieren, ze amenagéieren a gegeebenefalls ze kreéieren, fir datt et an all Schoul déi néideg Raimlechkeete gëtt, fir eng Alphabetiséierung op Däitsch an op Franséisch kënnen unzebidden.“
Am Virfeld vun der geplangter Aféierung vun der Optioun „Alphabetiséierung op Franséisch“ an alle Primärschoule vum Land vun 2026 un huet den Här Schoulminister d’Gemengen an d’Regionaldirektiounen also elo schonns beoptraagt, fir d‘Schoulen op dëse Projet “virzebereeden”, an dat, obschonns en entspriechend Gesetz nach net am Parlament gestëmmt gouf. Doraus ergi sech net just Froen am Zesummenhang mat der legaler Basis vun deem „Optrag“, mee och Froen am Hibléck op de Fall, wou e Gesetz zur landeswäiter Aféierung vum „Projet ALPHA – Zesumme wuessen” iwwerhaapt net, oder net an der geplangter Form, gestëmmt géif ginn.
Zugläich goufe viru Kuerzem déi offiziell „Rapports d’évaluation du projet pilote ‘ALPHA – Zesumme wuessen’ virgestallt, déi eng Aart Legitiméierung vun deem Projet duerstelle sollen, obschonns déi laangfristeg Konsequenze vun enger landeswäiter Aféierung vum “Projet ALPHA” no enger just dräijäreger Testphas naturgeméiss net ofzeschätze sinn.
Dofir wéilt ech dem Här Schoulminister gär follgend Froe stellen:
- Op wéi enger legaler Basis kruten d’Regionaldirektiounen deen uewe mentionéierten Optrag, wuelwëssend, datt et nach kee Gesetz zur landeswäiter Aféierung vum „Projet ALPHA – Zesumme wuessen” gëtt? Wat géif passéieren, wann dat nach net bestoend Gesetz zur landeswäiter Aféierung vum „Projet ALPHA“ a verännerter Form, oder guer net, gestëmmt géif ginn?
- Verschidde Léierpersounen aus dem Fondamental äusseren och d’Befierchtung, datt op ville Plaze keng richteg Klassesäll zur Verfügung stoe wäerten an datt een dann an d’Schoulbibliothéik, d’Fotokopieszëmmer, den Appui-Sall an, nach méi schlëmm, an d’Maison Relais “ausweichen” muss. Wéi kann den Här Minister am Hibléck op déi vill beschwuere Chancëgläichheet vun ALLE Schüler garantéieren, dass keng Kanner an „mannerwäertege Säll“ (mir zitéieren déi betreffend Léierpersounen) wärend 10 oder 16 Stonnen ënnerriicht ginn?
- Wéi kann eng effikass Virbereedung zur landeswäiter Ëmsetzung vum „Projet ALPHA“ iwwerhaapt geléngen, wann zentral Punkten, wéi Personalbedarf, Klasseneffektiver oder Unterrechtsstruktur nach net gesetzlech definéiert sinn? Wéi sollen déi verantwortlech Instanzen (Gemengen a Schoulen) sech beispillsweis op Klasse virbereeden, wou just ee Schüler fir déi franséisch Alphabetiséierung optéiert?
- Et besteet keen Zweiwel drun, datt de “Projet ALPHA” en immensen Afloss op d’Schoul wäert hunn. Am Moment ginn et awer nach vill aner Problemer (z.B. Inklusioun, Gewalt an de Schoulen, Ëmsetzung vum Smartphone-Verbuet, Manktem u Léierpersonal, asw.), déi musse geléist ginn. Dobäi kënnt, datt de Pilotprojet ALPHA bis elo keng schlësseg Resultater bruecht huet, well e just a véier Gemengen applizéiert gouf, déi kengesweegs representativ fir d’Gesamtstruktur vun der Bevëlkerung sinn. Wéi steet den Här Minister an deem Kontext zur Iwwerleeung (déi eisen Informatiounen no vu ville Léierpersounen aus dem Fondamental formuléiert gëtt), dee Pilotprojet op aner Gemengen am Land (mat anere sozioekonomesche Verhältnisser wéi déi véier Pilotgemengen) auszedeenen an doduerch méi fiabel Resultater ze erméiglechen, wat d’Effikassitéit oder Net-Effikassitéit (am Sënn vu senge proklaméierten “Ziler”) vum “Projet ALPHA” ugeet?
- Kann den Här Minister preziséieren, ob et senges Wëssens aner Länner oder Regiounen op der Welt gëtt oder gouf, wou d’Primärschüler an zwou (oder méi) Gruppen opgespléckt ginn oder goufen, wat d’Alphabetiséierungssprooch ugeet?
- Den Dossier „Rapports d’évaluation du projet pilote ‘ALPHA – Zesumme wuessen’, dee viru Kuerzem virgestalt gouf, enthält siwe Rapporten, ënner anerem den “Rapport intermédiaire ÉpStan du Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET) sur les caractéristiques, les résultats scolaires et la motivation des élèves, ainsi que le soutien parental” . An der Zesummefaassung vun deem Rapport gëtt drop higewisen, datt Schüler, déi op Franséisch alphabetiséiert ginn, “une motivation scolaire plus élevée, une meilleure image d’eux-mêmes et moins d’anxiété” ënner Beweis stelle wéi “vergläichbar” Schüler aus Net-Pilotprojet-Gemengen. D’Regierung geet hei also vun engem konkreten a moossbare pedagogeschen Effekt aus. Lo sinn eis awer am Zesummenhang mat deene mentionéierten “Rapports d’évaluation” Reaktiounen zu Ouere komm, déi suggeréieren, datt et sech bei deem “pedagogeschen Effekt” éischter ëm en “Placebo-Effekt” géif handelen. Déi vun der Regierung beschriwwe Verbesserung wier net direkt dem pedagogeschen Inhalt oder der Methodik ze verdanken, mee verännerten Erwaardungen, enger méi grousser Opmierksamkeet, engem méi geschützte Léierëmfeld, also psychologesche Faktoren. Wéi steet den Här Minister an deem Kontext zu follgenden Iwwerleeungen: Pilotprojete genéissen eng besonnesch Opmierksamkeet – Léierpersoune sinn dacks méi motivéiert, Klasse méi kleng, Eltere méi implizéiert oder intresséiert. Kanner spieren d’„Sonderbehandlung“ – a verhale sech méi oppen a selbstsécher?
- An der Zesummefaassung vum “Rapport intermédiaire ÉpStan du Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET) sur les caractéristiques, les résultats scolaires et la motivation des élèves, ainsi que le soutien parental” steet, dass déi Schüler, déi um Pilotprojet deelgeholl hätten, “une compréhension suffisante du luxembourgeois” hätten. No wéi enge konkrete Krittäre gouf hei “decidéiert”, datt déi Kanner “une compréhension suffisante du luxembourgeois” hätten?
- Am Artikel “Generalisierung im Regierungsrat beschlossen” vum 12.7.2025 an der “Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek” heescht et (S. 3): “Blättert man durch die Jubelberichte über den überwältigenden Erfolg des Pilotprojekts, mit dem die Zahl der Zyklus-Verlängerungen um ein Viertel reduziert wurde, ist es allerdings schockierend, wenn plötzlich zu lesen ist, mit der Alphabetisierung auf Französisch könnten frankophone Eltern ihren Kindern besser helfen, und es sei gewußt, das sei für den Schulerfolg äußerst wichtig. Die Eltern behalten in dieser Pädagogikform also immer noch die Rolle als Hilfslehrer, womit daher zwar den Frankophonen geholfen ist, aber nicht allen anderen vielen Sprachen, die es auch hierzulande gibt.” Wéi steet den Här Minister zur Iwwerleeung, datt déi uewen zitéiert mental Verbesserung vun de Kanner (“une motivation scolaire plus élevée, une meilleure image d’eux-mêmes et moins d’anxiété” ), asouwäit se iwwerhaapt objektiv moossbar ass, primär dem Ëmstand ze verdanken ass, datt déi frankophon Elteren hire Kanner besser hëllefe konnten an datt et “ein Skandal [ist], wenn es immer noch nicht gelingt, die Grundschulkinder so zu unterrichten, daß es zu Hause keine Hilfslehrer braucht!” (“Generalisierung im Regierungsrat beschlossen” vum 12.7.2025 an der “Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek”)?
Äntwert:
1. Op wéi enger legaler Basis kruten d’Regionaldirektiounen deen uewe mentionéierten Optrag, wuelwëssend, datt et nach kee Gesetz zur landeswäiter Aféierung vum „Projet ALPHA – Zesumme wuessen” gëtt? Wat géif passéieren, wann dat nach net bestoend Gesetz zur landeswäiter Aféierung vum „Projet ALPHA“ a verännerter Form, oder guer net, gestëmmt géif ginn?
D’Instruktioun un d’Regionaldirektiounen a Gemengen ass Deel vun der logistescher an organisatorescher Virbereedung, déi fir all gréisser schoulesch Reform noutwenneg ass. Et ass üblech, verschidden Organisatiounsmodalitéiten am Viraus ze analyséieren, fir eng gutt geplangten a kontrolléiert Transitioun ze erméiglechen – ouni doduerch dem Resultat vum demokratesche Prozess virzegräifen. Et gouf dobäi zu kengem Zäitpunkt en Engagement agaangen, deen net reversibel wier. Sollt de Gesetzesprojet net gestëmmt oder awer substantiell geännert ginn, géifen och d’Preparatiounen deementspriechend ugepasst ginn. Et handelt sech hei ëm eng Moossnam vu gudder a responsabeler Gouvernance, an net ëm e Vir- oder Agräifen an d’demokratesch Prozeduren.
2. Wéi kann den Här Minister am Hibléck op déi vill beschwuere Chancëgläichheet vun ALLE Schüler garantéieren, dass keng Kanner an „mannerwäertege Säll“ (mir zitéieren déi betreffend Léierpersounen) wärend 10 oder 16 Stonnen ënnerriicht ginn?
„ALPHA – zesumme wuessen“ gesäit zu kengem Zäitpunkt vir, datt d’Schülerinnen an d’Schüler permanent an net adäquate Raimlechkeeten enseignéiert ginn, wéi an der Fro suggeréiert gëtt. De Prinzip vun engem Unterrecht an adäquate, pedagogesch ugepasste Raimlechkeete gëllt fir all Schülerin a fir all Schüler, an dat an all Schoul. D’Regionaldirektioune schaffe mat de Gemengenautoritéiten zesummen, fir déi beschtméiglech Léisungen ze identifizéieren, am Respekt vun dësem Prinzip. An de Pilotschoulen huet iwwregens keng Klass an och keen ALPHA-Grupp an enger Bibliothéik oder an engem Fotokopieszëmmer missen enseignéiert ginn.
3. Wéi kann eng effikass Virbereedung zur landeswäiter Ëmsetzung vum „Projet ALPHA“ iwwerhaapt geléngen, wann zentral Punkten, wéi Personalbedarf, Klasseneffektiver oder Unterrechtsstruktur nach net gesetzlech definéiert sinn? Wéi sollen déi verantwortlech Instanzen (Gemengen a Schoulen) sech beispillsweis op Klasse virbereeden, wou just ee Schüler fir déi franséisch Alphabetiséierung optéiert?
D’Reform huet grad zum Zil, e klore gesetzleche Kader ze schafen, deen d’Organisatioun vun den ALPHA-Gruppen a vun de Klasse reegelt. Am Virfeld ginn d’Schoulen an d’Gemengen opgefuerdert, ze analyséieren, wéi se d’Reform kéinten ëmsetzen. Se ginn dobäi vun de Regionaldirektiounen ënnerstëtzt a begleet. Och wann d’Eltere vun nëmmen engem Schüler oder enger Schülerin sech fir eng Alphabetiséierung op Franséisch respektiv op Däitsch fir hiert Kand entscheeden, muss dëse Choix respektéiert ginn. Et geet hei ëm e fundamentaalt Recht am ëffentleche Schoulsystem a gläichzäiteg ëm eng Fro vun der gerechter Behandlung op nationalem Niveau. De MENJE engagéiert sech dofir, datt all Schoul, ouni Ausnam, ab der Rentrée 2027/28 fir de Cycle 2.1 déi zwou Alphabétiséierungssproochen ubidde kann. D’Aféierung geschitt progressiv: vun 2026/27 u gëllt se fir de Cycle 1.2 – wou se awer nach keen Afloss op d’Schoulorganisatioun huet –, an duerno gëtt se all Joer ëm ee Joergaang ausgebaut, bis 2032/33 de Cycle 4.2 erreecht ass. Dës progressiv Aféierung gëtt de Gemengen an de Schoule genuch Zäit, fir d’Noutwendegkeete lokal anzeschätzen a sech adequat virzebereeden. Zousätzlech ass et wichteg ze ënnersträichen, datt an de meeschte Schoulen keng gréisser strukturell Ännerunge ze erwaarden sinn. An de meeschte Fäll wäerten Adaptatiounen minimal bis guer net néideg sinn, well eng Majoritéit vu Schoulen elo scho genuch Flexibilitéit huet, fir déi zwee Alphabetiséierungsweeër pedagogesch a logistesch ze integréieren.
4. Wéi steet den Här Minister an deem Kontext zur Iwwerleeung (déi eisen Informatiounen no vu ville Léierpersounen aus dem Fondamental formuléiert gëtt), dee Pilotprojet op aner Gemengen am Land (mat anere sozioekonomesche Verhältnisser wéi déi véier Pilotgemengen) auszedeenen an doduerch méi fiabel Resultater ze erméiglechen, wat d’Effikassitéit oder Net-Effikassitéit (am Sënn vu senge proklaméierten “Ziler”) vum “Projet ALPHA” ugeet?
Eng gestaffelt Aféierung vum Pilotprojet an „interesséierte Gemengen“ géif zwangsleefeg an direkt zu Ongläichheeten tëschent den Elteren zesumme mat hire Kanner féieren, jee no Wunnuert. Fir dës Inegalitéit ze vermeiden, ass eng koordinéiert national Implementatioun virgesinn. D’Reform gëtt no an no, Schouljoer fir Schouljoer, awer simultan fir all Schoul am Land agefouert. Et gëtt am zweete Joer vum éischte Cycle ugefaangen. Domat ass garantéiert, datt all Elteren déi selwecht Méiglechkeeten huet, e passende Wee fir hiert Kand ze wielen, onofhängeg vum Wunnuert.
5. Kann den Här Minister preziséieren, ob et senges Wëssens aner Länner oder Regiounen op der Welt gëtt oder gouf, wou d’Primärschüler an zwou (oder méi) Gruppen opgespléckt ginn oder goufen, wat d’Alphabetiséierungssprooch ugeet?
Modeller, déi op méi wéi eng Alphabetiséierungssprooch setzen, existéieren a verschiddene Länner, dorënner der Schwäiz, Spuenien (besonnesch Katalounien), Kanada an och Regioune vu Südwestdäitschland, déi u Frankräich grenzen. An dëse Systemer respektiv a vereenzelte Schoulen an deene Systemer léieren d’Schülerinnen an d’Schüler an ënnerschiddleche Sprooche Liesen a Schreiwen, jee no hirem Profil, an dobäi gëtt oft och vill Wäert op gemeinsam Klassen- a Schoulzäite geluecht, fir sproochlech Differenzéierung mat sozialer Kohäsioun ze verbannen. Am Kader vum Pilotprojet huet d’Léierpersonal zesumme mat Membere vun de Regionaldirektioune Schoule mat dëse Modeller besicht, fir dës pädagogesch a strukturell Approchen aus éischter Hand an am Alldag ze gesinn. Et ass wichteg, drop hinzeweisen, datt dës auslännesch Modeller an nationale respektiv regionale Kontexter funktionéieren, déi oft staark vum Lëtzebuerger System ofwäichen. D’Zesummesetzung vun eiser Schülerpopulatioun, déi d’Diversitéit vun der Gesellschaft reflektéiert, erfuerdert e Modell sur mesure, deen un d’Realitéite vun eisem Land ugepasst ass. Dëst schléisst natierlech net aus, datt relevant international Erfarunge berécksiichtegt ginn, och net d’Erkenntnesser aus den europäeschen an internationalen ëffentleche Schoulen zu Lëtzebuerg.
6. Wéi steet den Här Minister an deem Kontext zu follgenden Iwwerleeungen: Pilotprojete genéissen eng besonnesch Opmierksamkeet – Léierpersoune sinn dacks méi motivéiert, Klasse méi kleng, Eltere méi implizéiert oder intresséiert. Kanner spieren d’„Sonderbehandlung“ – a verhale sech méi oppen a selbstsécher. Déi positiv Effekter, wéi d’Motivatioun, d’Selbstvertrauen an d’Erhéijung vun der Elterenimplicatioun, sinn d’Resultat vun engem Zesummespill vu ville Facteuren, an net nëmmen aleng en Effekt vun enger méi héijer Opmierksamkeet wéinst dem Pilotstatus. Iwwerdeems si se perceptibel, se kënnen objektiv u Fortschrëtter an de Resultater festgemaach ginn, z. B. am Liesen oder am Héierverstoen?
D’Froestellung, ob dat Ganzt just e „Placebo-Effekt“ wier, stellt indirekt d’Glafwierdegkeet vun der wëssenschaftlecher Aarbecht a Fro an och de Sënn vun all Pilotprojet als politescht Instrument. Fir eng Bildungspolitik, déi sech op Evidenze baséiert („evidence-based policy“), brauch et esou Pilotprojeten an dëst nieft enger detailléierter Literaturanalys, Vergläicher mat anere Länner, wëssenschaftlecher Begleedung an enger geziilter Formatioun vun de Schoulacteuren. De Projet „ALPHA – zesumme wuessen“ ass genee an esou engem methodesche Geescht entwéckelt ginn, serieux, verantwortlech a laangfristeg.
7. An der Zesummefaassung vum “Rapport intermédiaire ÉpStan du Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET) sur les caractéristiques, les résultats scolaires et la motivation des élèves, ainsi que le soutien parental” steet, dass déi Schüler, déi um Pilotprojet deelgeholl hätten, “une compréhension suffisante du luxembourgeois” hätten. No wéi enge konkrete Krittäre gouf hei “decidéiert”, datt déi Kanner “une compréhension suffisante du luxembourgeois” hätten?
D’Donnéeën iwwert d’Lëtzebuergesch-Héierverstoe bei de Schülerinnen a Schüler stamen aus de standardiséierten EpStan-Tester am Cycle 2.1. Dës Resultater ginn am Kontext mat anere Schülercharakteristiken a Leeschtungen interpretéiert, dorënner och en Test zu den éischte Schrëtt zum Schrëftsproocherwerb an an der Mathematik. Am Rapport gëtt kloer festgehalen, datt déi meescht Schülerinnen a Schüler gutt Basiskenntnisser hunn, egal wéi eng Sprooch doheem geschwat gëtt oder wéi eng Alphabetiséierungssproch gewielt gouf. Et ass drun ze erënneren, datt et sech ëm en onofhängege wëssenschaftleche Rapport handelt, dee vum LUCET ausgeschafft gouf. D’Formuléierunge stamen net vum Ministère, dofir missten all weiderféirend Froen un d’Wëssenschaftler vum LUCET geriicht ginn.
8. Wéi steet den Här Minister zur Iwwerleeung, datt déi uewen zitéiert mental Verbesserung vun de Kanner (“une motivation scolaire plus élevée, une meilleure image d’eux-mêmes et moins d’anxiété”), asouwäit se iwwerhaapt objektiv moossbar ass, primär dem Ëmstand ze verdanken ass, datt déi frankophon Elteren hire Kanner besser hëllefe konnten an datt et “ein Skandal [ist], wenn es immer noch nicht gelingt, die Grundschulkinder so zu unterrichten, daß es zu Hause keine Hilfslehrer braucht!” (“Generalisierung im Regierungsrat beschlossen” vum 12.7.2025 an der “Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek”)?
Et ass richteg, datt vill Kanner besser virukommen, wa si doheem an enger Sprooch ënnerstëtzt ginn, déi se gutt beherrschen. „ALPHA – zesumme wuessen“ setzt genee hei un a probéiert, d’Differenzen tëschent de Familljen ze kompenséieren, ouni d’Léierverantwortung op d’Elteren ze verlageren. D’Grondverantwortung fir d’Léiere bleift beim ëffentleche Bildungssystem, mee d’Konditioune sollen esou gestalt sinn, datt all Kand, egal a wéi enger Famill, fair Chancë kritt, fir säi Potenzial an der Schoul ze entwéckelen.