Am Hierscht ze Joert huet d’Santé fir bestëmmte Persounegruppen eng zweet Boosterimpfung recommandéiert. Dës zousätzlech Dosis wär, der Santé no, fir all Leit déi iwwer 60 Joer al sinn a vulnerabel Persounen tëscht 12 a 59 Joer. D’Recommandatioun fir eng 4. Dosis goung och u schwanger Fraen an d’Personal aus dem Gesondheetssecteur.
De Jeff Engelen freet bei der Gesondheetsministesch no:
- Wéi vill Leit krute bis elo en zweete Booster, respektiv eng véiert Covid-Impfung?
- Wéi grouss ass den Interessi fir esou eng véiert Impfung bei deenen ugeschriwwene Persounen?
- Gëtt et scho Bestriewunge fir eng fënneft Impfung (drëtte Booster)?