Affär Frank Schneider: Firwat intervenéiert de Premier net?

Am Fall Frank Schneider ass nach laang net alles gekläert. Dofir froen de Fernand Kartheiser a Roy Reding bei der Regierung no.

Fro:

Am Kontext vun der Ausliwwerungsaffär ëm de fréiere SREL-Mataarbechter Frank Schneider huet den Här Staatsminister a senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 7117 vum honorabelen Deputéierte Fred Keup a vu mir selwer gesot: „De Premierminister an déi Lëtzebuerger Regierung hu keng legal Méiglechkeet, fir selwer d’Ausliwwerung vun engem Lëtzebuergesche Bierger ze verhënneren, dee sech net op Lëtzebuergeschem Territoire befënnt.“

Allerdéngs, sou den Affekot vum Här Schneider, hätt den Här Staatsminister d’Méiglechkeet, bei der franséischer Regierungschefin ze intervenéieren (där hir Ënnerschrëft fir d’Ausliwwerung vum Här Schneider un d’USA erfuerderlech ass), well et an dëser Affär ëm grondleeënd Interesse vun eisem Land geet. (Quell: https://guykaiser.lu/causa-schneider-exklusiv-interview-mam-top-affekot-emmanuel-marsigny/?fbclid=IwAR2RAoUT3DhbhInh2xrdIqxDyL4SflPq3c188eWsIZOVuyg5MA3rJfSeV90 )

Effektiv betrëfft dës Affär e fréieren Agent vum Lëtzebuerger Sécherheetsdéngscht, deen, sou däerf ugeholl ginn, wichteg Geheiminformatiounen iwwer eist Land an iwwer aner europäesch Länner huet. Dofir ass et ëmsou méi verwonnerlech, datt den Här Staatsminister, deem laut Gesetz vum 5. Juli 2016 „portant réorganisation du Service de renseignement de l’Etat“ de SREL ënnersteet, net bei der franséischer Premierministesch intervenéiert, fir eng Ausliwwerung vum Här Schneider ze verhënneren.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un d’Regierung:

  • Aus wéi enge Grënn huet den Här Staatsminister decidéiert, fir an der Affär Schneider net bei senger franséischer Homologin ze intervenéieren, wuelwëssend, datt den Här Schneider am Besëtz vun Informatioune kéint sinn, déi fir d’Sécherheet vun eisem Land vu grousser Bedeitung sinn?
  • Kann d’Madamm Justizminister confirméieren, datt de Prozess ëm dräi ehemoleg Mataarbechter vum SREL, zu deenen och den Här Schneider gehéiert, nach net ofgeschloss ass? Wa jo, aus wéi enge Grënn intervenéiert d’Regierung net bei der franséischer Regierungschefin, fir datt den Här Schneider am Hibléck op d’Fortsetzung vum genannte Prozess hei am Land ass?
  • Kann d’Madamm Justizminister preziséieren, ob d’Cellule de renseignement financier, déi der Madamm Justizminister ënnersteet, eng Enquête realiséiert huet iwwer d’Geldgeschäfter vun der Firma vum Här Schneider?
  • Wann esou eng Enquête realiséiert gouf: Kann d’Madamm Minister eis Informatiounen iwwer d’Conclusioune ginn, zu deenen dës Enquête komm ass?

Äntwert:

Ad 1)
D’Regierung verweist op hir Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°7117 an op d’Explikatiounen,
déi de Premierminister, den Ausseminister an d’Justizministesch den 11. November 2022 heizou
an der Justiz- an Institutiounskommissioun vun der Chamber ginn hunn.
Ad 2)
No Informatioune vum Parquet général huet de Parquet géint dat Uerteel aus éischter Instanz an
der Affaire ëm déi dräi fréier Mataarbechter vum SREL Appel ageluecht. Wann et a sou engem
Fall néideg wier, dass Lëtzebuerg eng Demande un en aneren EU Memberstaat riicht fir dass eng
ugeklote Persoun zäitweileg op Lëtzebuerg transferéiert gëtt fir de Prozess, da geschitt dat op
Basis vum sougenannte “mandat d’arrêt européen”, deen zu Lëtzebuerg mat engem Gesetz vum 17.
Mäerz 2004 (“loi modifiée du 17 mars 2004 relative au mandat d’arrêt européen et aux procédures
de remise entre Etats membres de l’Union européenne”) ëmgesat ginn ass, an dat ass eng Prozedur
déi zwëschent den zoustännege Justizautoritéiten ofleeft, an an där d’Regierung net intervenéiert.
Ad 3) a 4)
Et ass ze bemierken, dass d’Cellule de Renseignement Financier (CRF) net dem Justizminister
ënnersteet mee dem Procureur général, sou wéi dat aus dem Artikel 74-1 vum Gesetz vum 7.
März 1980 iwwer d’Organisatioun vun der Justiz (“loi modifiée du 7 mars 1980 sur l’organisation
judiciaire ») ervir geet. Opgrond vum Artikel 74-4 vun deem Gesetz an de Prinzippie vum Gesetz
vum 1. August 2018 iwwer den Dateschutz am Beräich vum Strofrecht an der nationaler
Sécherheet (« loi du 1er août 2018 relative à la protection des personnes physiques à l’égard du
traitement des données à caractère personnel en matière pénale ainsi qu’en matière de sécurité
nationale ») kënne keng Informatiounen iwwer eng eventuell Enquête vun der CRF oder dem
Resultat vu sou enger Enquête diffuséiert ginn.

Deel dëse Post: