D’Prognos vum Statec, datt dëst Joer mat enger Inflatioun vu 6,6 Prozent ze rechnen ass, réckelt alt nees déi berechtegt Fuerderung vum automateschen Ausbezuele vun der Indextranche an de Mëttelpunkt. D’Leit sinn hei am Land mat engem massive Verloscht vun hirer Kafkraaft konfrontéiert. Parallel dozou klammen d’Zënsen. Elo scho liewen zu Lëtzebuerg ronn 130.000 Leit ënnert oder un der Aarmutsgrenz an dës beonrouegend Entwécklunge riskéieren nach méi Leit an d’Prekaritéit ze dreiwen. Net nëmme Persounen, déi de Mindestloun kréien, sinn heivunner betraff, mee eis ganz Mëttelschicht riskéiert an eng Situatioun ze kommen, wou et méi a méi schwéier fält, fir iwwerhaapt nach iwwert d’Ronnen ze kommen.
Et muss een dobäi wëssen, datt dës Problemer zu engem groussen Deel hausgemaacht sinn. D’Regierung schwätzt nach ëmmer vun enger Rei Steiererhéijungen, respektiv, vun neie Steieren, si huet keen oppent Ouer fir d’Uleiessen an d’Suerge vun den Entreprisen an ëmmer méi Betriber fille sech am Hibléck op hir Fuerderungen am Stach gelooss. Déi europäesch Sanktiounspolitik huet als Resultat eng staark Inflatioun am Energieberäich. Den Euro huet massiv u Wäert verluer, wat och d’Importer méi deier mécht.
An deem Kontext ass et grad elo besonnesch wichteg, sou séier wéi méiglech nees an den Index-Automatismus ze kommen, fir esou de Leit entgéintzekommen. Den Index war bis haut ëmmer de Garant fir de soziale Fridden zu Lëtzebuerg. Net nëmmen d’Salariéë kréien dësen ausbezuelt, mee och eis Pensionären an d’Ausbezuele vum Index ass u kee Kollektivvertrag gebonnen. Esou riskéiere mir dann och net an eng Situatioun ze kommen, ewéi aktuell an Däitschland, wou Fuerderunge vu massive Lounerhéijunge bei de Kollektivverträg opkommen an Anerer riskéieren näischt ze kréien.
D’ADR ass och der Iwwerzeegung, datt de Staat sech net sollt nach méi verschëlden an ass dowéinst och net der Meenung, datt d’Verleeë vun enger weiderer Indextranche sollt duerch de Staat iwwert de Wee vu neie Scholden deelweis kompenséiert ginn.
D’ADR formuléiert dohier den dréngenden Appell, d’Entreprisen ze stäerken an d’Index-Tranchen net weider ze verréckelen an dës fristgerecht auszebezuelen, esou wéi d’Politik dëst am Sënn vum soziale Fridden de Bierger schëlleg ass. D‘ADR ënnerstëtzt och d’Iddi vun enger neier Tripartite, déi niewent der Indexdiskussioun och sollt eng Rei vun aneren Aspekter vun der ekonomescher a sozialer Situatioun vum Land diskutéieren. Dofir ass et wichteg, datt d’Tripartite gutt virbereet ass an ouni kënschtlechen Zäitdrock ka schaffen. D’ADR warnt virun där offensichtlecher Taktik vun der Regierung, déi probéiert schwiereg Decisioune bis hannert d’Wale vum Oktober 2023 ze verleeën. An den Ae vun der ADR muss eng verantwortungsvoll Politik doran bestoen, fir sech den Erausfuerderungen ze stellen a konstruktiv Léisungen am Interessi vum Land ze fannen.
Matgedeelt vun der ADR