Den Olai (Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration) heescht elo offiziell Ona (Office national de l’accueil). Dës Gesetzesreform gouf den 23. Oktober 2019 an der Chamber gestëmmt. Am Gesetz geet et haaptsächlech drëms, d’Capacitéite fir d’Ophuele vu BPIen (bénéficiairte de protection internationale) ze erhéijen. D’ADR war alt nees déi eenzeg Partei, déi am Kader vun der Migratiounspolitik eng realistesch Politik féiert an appelléiert, datt mir natierlech eng human a vum Respekt virun de Matmënschen an Nout orientéiert Politik féiere mussen, eis dobäi awer u bestoend rechtlech Dispositiounen hale mussen.
Et däerf een och net vergiessen, datt Lëtzebuerg proportional gesinn no de Mëttelmierlänner déi meeschte Flüchtlinge bei sech ophëlt. De Fernand Kartheiser appelléiert dofir, datt d’Recht op Migratioun – no de bestoende Reegele vun der Genfer Konventioun – en Individualrecht fir politesch verfollegt Mënsche bleiwe muss a net gläichzesetzen ass mam Recht op Migratioun aus ekonomesche Grënn.
Besonnesch schockéierend ass an deem Kontext, datt d’CSV sech dofir ausgeschwat huet, keng Uewergrenz ze setzen, wat d’Ophuele vu Flüchtlingen ugeet. Wa Lëtzebuerg d’Vertraue vun de Leit an d’Politik net verspille wëll, dann däerfen och déi Leit, déi hei am Land an Nout sinn net vergiess ginn. Et däerf also keng Konkurrenzsituatioun entstoen – z.B. um Wunnengsmaart – tëscht BPIen a Leit, déi hei am Land liewen an déi a Nout sinn. D’ADR schwätzt sech och kloer dofir aus, datt wann d’Situatioun vun de Flüchtlingen am Heemechtsland nees stabil ass, datt déi Leit dann och nees verflicht sinn, an hir Länner zeréckzegoe well se do gebraucht ginn, fir hiert Land nees opzebauen.