[PARLAMENTARESCH FRO] Contenu des code-barres sur les lettres des administrations

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sozialversécherungsminister an un d’Madame Ministesch fir d’Fonction publique weiderzeleeden.

Wann sech e Bierger schrëftlech un de Sozialversécherungsministère adresséiert, da fënnt en um Bréif, deen en als Äntwert kritt, ënnert anerem och e Stréchcode. D’Presenz vun dësem Code barres, déi vill concernéiert Leit einfach net kënnen novollzéien, werft eng Rei Froen op, wat den Dateschutz an d’Transparenz vun enger Verwaltung vis-à-vis vum Bierger ugeet.

Dowéinst wéilt ech dem Här Sozialversécherungsminister an der Madame Ministesch fir d’Fonction publique dës Froe stlellen:

1. Aus wéi enge Grënn gräift de Sozialversécherungsministère op esou e System zeréck, wann e sech un e Bierger adresséiert?

2. Op wat genee bezitt sech de Stréchcode? Op wat fir eng Donnéeë kritt een Accès, wann esou e Stréchcode gelies gëtt?

3. Wien huet d’Méiglechkeet, de Stréchcode ze liesen?

4. Wat fir eng Moossname goufe getraff fir den Dateschutz ze garantéieren an all Abus ze verhënneren?

5. Gëtt dësen oder en ähnleche System och vun anere Verwaltungen ugewannt?

6. Wier et am Kader vum Dateschutz a vun enger méi grousser Transparenz vis-à-vis vum Bierger net sënnvoll op den aktuelle System mam Stréchcode ze verzichten an, falls wierklech néideg, op en aneren zréckzegräifen?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser
Deputéierten

Deel dëse Post: