[BEÄNTWERT] Contournement de Bascharage

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukture weiderzeleeden.

Den 22. Mee wore mir bei enger Biergerversammlung an der Gemeng Suessem, an där et ëm déi geplangten Emgehungsstrooss vu Käerjeng goung. Déi Strooss soll zum Deel iwwer den Territoire vun der Gemeng Suessem féieren. An där Versammlung gouf den Tracé ënner anerem och dowéinst kritiséiert, well en e wichtegt Naturschutzgebitt soll duerch schneiden. Dat veruersaacht eng Rei vu  Problemer,  souwuel fir d’Natur, wéi och fir d’Mënschen aus där Regioun, déi dës Bëschgéigend gär als Erhuelungsgebitt benotzen. 

Do derniewent gouf et nach eng ganz Rei vun anere Kritiken an Froen, ënner anerem och wat déi weider Féierung vun där Strooss duerch d’Gemeng Dippech ugeet a wéi de Verkéier schlussendlech vun der Helfenterbréck aus u soll an d’Stad geféiert ginn.

Am Laf vun der Diskussioun ass e puer Mol d’Fro opkomm, ob dann déi Strooss iwwerhaapt néideg wär, wann den ëffentlechen Transport konsequent ausgebaut géif.

Dowéinst,  fir d’Froe vun all deene Leit opzegräifen a virunzeleeden, wollte mir dem Här Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen dës Froe stellen :

1. Déi Plangung vun där Strooss ass schonn zënter ville Joren am Gaang. Si bei den aktuelle Méiglechkeete vum ëffentlechen Transport  all Méiglechkeeten nach eemol consideréiert ginn, déi eng nei Strooss eventuell kéinten iwwerflësseg maachen ?

2. Si speziell dës Punkte grëndlech ënnersicht ginn :

  • Opfaangparkingen an der Grenzregioun
  • Vergréisserung vun den Zuchkapazitéiten op der neier duebelgleiseger Zuchstreck Péiteng-Stad
  • Erhéijung vun den Zuchfrequenzen
  • Benotzung vu Busse mat grousser Passagéierkapazitéit an héijer Frequenz
  • Verleeung vum Gidderverkéier op d’Schinn ?


3. Wéi eng Erliichterung géing déi nei Strooss der Lëtzebuerger Strooss zu Käerjeng wierklech bréngen, well jo op där Strooss eng ganz Rei vu grousse kommerziellen, schouleschen a sportlechen Infrastrukture leien ?

4. Gëtt déi Käerjenger Gemeng (virun allem Kéinzeg a Käerjeng) net och nach verkéierstechnesch zousätzlech duerch déi geplangten ekonomesch Aktivitéitszon zu Grass (ZARO) belaascht ?

5. Ass duerch dat neit Element vun där geplangter ZARO net lo eng Nordvariant fir déi Käerjenger Emgehungsstrooss méi sënnvoll ?

6. Ass och déi Variant vun der Iwwerdeckelung vun der Eisebunn fir d’Emgehungsstrooss vu Käerjeng vun de Ponts et Chaussées ënnersicht ginn ? Wa jo, mat wéi engem Resultat ? Wann neen, firwat net ?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen Fernand Kartheiser
Deputéierten Deputéierten

 Réponse écrite de Monsieur Claude Wiseler, Ministre du Développement durable et des Infrastructures

Deel dëse Post: