Et kënne Reklamatioune géint den Tram agereecht ginn

Vum Tram ass eng Zäitche vill a laang geschwat ginn: Héichglanzbroschüren,  Maquettë vun Trame sinn erbäigekaart ginn.

Et war verdächteg roueg ëm den Tram.

An elo ass et offiziell. Vum 18. Mäerz u bis zum 16. Abrëll leien 10 déck Dossieren an der d’Gemeng, ganz hannen ënnert  der Galerie vun den ale Buergermeeschteren.

Et handelt et sech hei ëm eng obligatoresch Prozedur, wou de Bierger zur Mataarbecht opgeruff gëtt a seng Reklamatioune géint de Projet kann areechen.

Et geet ëm déi sougenannten Impaktstudie, eng Prozedur, déi iwwert eng europäesch Direktive an d’Gesetz vum 29. Mee 2009  virgreschriwwen ass, an déi de Bierger soll erméigleche bei esou wichtege Projete mat agebonnen ze ginn.

Bei wichtegen Theme wéi de Projet Tram muss de Bierger mat agebonne ginn.

D’ADR-Sektioun Stad ass awer der Meenung, datt de Schäfferot net wëllt, datt de Bierger all ze vill an déi Dossiere soll erakucken, d.h. fir d’ADR gëtt de Bierger de facto ausgeschloss.

Wann  den Tram sollt gebaut ginn,  wat d’ADR net hofft, da géif de gréissten Agrëff an ons Stadbild zënter Jorzéngte ginn.

Net mar der ADR! An dofir maache mir dësen Opruff:

Gitt d’Dossiere konsultéieren a schéckt Är  Reklamatioune mat Zäit an d’Gemeng!

Mir  bieden all déi Leit, och déi, déi fir den Tram sinn , sech d’Detailer vun de Pläng unzekucken – och d’Annexen 1, an deene schwaarz op wäiss op d’Problemer higewise gëtt, déi fir d’Busreseauen – ob Stater Bussen, regional Bussen oder Schülerbussen – entstinn. An op ville Kräizunge riskéiert den Individualverkéier ganz zesummenzebriechen.

D’Dossieren, déi still und heimlich ausgeluecht sinn, bestätegen, datt den Tram d’Stad an de Chaos dreift! Et ass elo un de Bierger, hir Verantwortung ze huelen.

Dir hutt vum 18. Mäerz bis de 16. Abrëll Zäit. Samschdes a sonndes si mat an deenen 30 Deeg  an d’Gemeng ass an der Mëttesstonn vun 12.00 bis 13.30 Auer zou.

Och d‘Ouschtervakanz fält an dësen Delai a fir all déi Leit, déi an d‘Vakanz ginn, wënschen ech e schéinen Openthalt.

Är Vertriederin am Gemengerot

Marceline Goergen

ADR-Sektioun Stad

no images were found

Deel dëse Post: