[BEÄNTWERT] Frais d’inscription à l’Université de Luxembourg

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Héichschoulminister weiderzeleeden.

D’Uni Lëtzebuerg huet deslescht eng Erhéijung vun den Aschreiwungskäschte bekannt ginn. Betraff sinn d’Studenten, déi vun der nächster Rentrée un am éischten oder zweete Semester vun engem Bachelor-Programm ageschriwwe sinn. Fir dës Studente belafe sech d’Aschreiwungskäschten net méi op 200 Euro, mä op 400 Euro pro Semester. D’Uni Lëtzebuerg huet dës Erhéijung domadder begrënnt, datt duerch déi zousätzlech Recetten eng Rei Studenten am Kader vun hirem obligatoreschen Auslandsemester solle finanziell ënnerstëtzt ginn.

Dowéinst wéilt ech dem Här Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Studenten, déi op der Uni Lëtzebuerg ageschriwwe sinn oder waren, hunn zënter 2009 a pro Joer eng Demande fir eng Erasmus-Bourse agereecht?
  2. Wéi vill vun deene Studenten hunn hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg?
  3. Wéi vill vun deenen Demandë goufen accordéiert, respektiv refuséiert ?
  4. Wat fir eng Grënn goufe bei de Refuse genannt ?
  5. Wéi vill Studenten, déi hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn oder haten, si vun deene Refuse betraff? A wéi vill Studenten, déi hire Wunnsëtz am Ausland hunn oder haten, si betraff?
  6. Wéi vill Studenten, déi op der Uni Lëtzebuerg ageschriwwe sinn oder waren, hunn eng Erasmus-Bourse accordéiert kritt, obwuel fir si d’Méiglechkeet bestoung eng Dispense ze kréien oder obwuel si vum obligatoreschen Auslandsemester exemptéiert waren?
  7. Wéi vill Studenten, déi op der Uni Lëtzebuerg ageschriwwe sinn oder waren, hu keng Erasmus-Bourse accordéiert kritt, obwuel fir si den Auslandsemester en obligatoresche Charakter hat?
  8. Wéi vill Studenten, déi hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn, mä op enger auslännescher Uni ageschriwwe sinn oder waren, hunn zënter 2009 a pro Joer eng Demande fir eng Erasmus-Bourse agereecht?
  9. Wéi vill vun deenen Demandë goufen accordéiert, respektiv refuséiert ?
  10. Wat fir eng Grënn goufe bei de Refuse genannt ?
  11. Mat wat fir enger finanzieller Ënnerstëtzung kënnen d’Studente rechnen, déi hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn, op enger auslännescher Uni ageschriwwe sinn an eng Erasmus-Bourse refuséiert kréien?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur François Biltgen, Ministre de l’Enseignement supérieur et de la Recherche

Deel dëse Post: