[BEÄNTWERT] Législation en matière de gestation pour autrui

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Justizminister an den Här Banneminister weiderzeleeden.

Lëtzebuerg huet keng Legislatioun iwwert „geléinte Mammen“ (mères porteuses, gestation pour autrui). Dës Method fir Puppelcher op d’Welt ze setze schéngt an anere Länner erlaabt ze sinn. Nom Rapport vum franséische Senat aus dem Joer 2008 ass et erlaabt, datt geléinte Mamme Puppelcher a Griicheland an am Vereenegte Kinnekräich fir friem Koppelen op d’Welt setzen. Och a Länner wéi de Vereenegte Staate vun Amerika schéngt dës Praxis erlaabt ze sinn, woubäi do déi geléinte Mamm och nach ka fir dës “Déngschtleeschtung” bezuelt ginn.

Et ass deemno net auszeschléissen, datt Koppelen, déi zu Lëtzebuerg wunnen a vläicht soss keng aner Méiglechkeet gesinn hunn, iwwert dëse Wee Kanner kritt hunn.

Dowéinst wéilt  ech den Häre Ministeren dës Froe stellen:

1)      Sinn zu Lëtzebuerg Fäll bekannt, an deenen eng Koppel eent oder méi Kanner um “Etat civil” wollt umellen, respektiv an de „Registre de la Population” wollt androe loossen, woubäi dëst Kand oder Kanner vun enger geléintener Mamm op d’Welt gesat goufen?

2)      Gëtt et eng Prozedur oder eng Praxis, déi an esou engem Fall ugewannt gëtt? Kënnen esou Fäll iwwert de Wee vun der „adoption plénière” gereegelt ginn ?

3)      Wéi eng Rechter huet eng geléinte Mamm, déi e Kand zu Lëtzebuerg ausgedroen huet an / oder op d’Welt bruecht huet, respektiv déi dat Kand u Leit ginn huet, déi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn?

4)      Wéi eng Rechter huet eventuell e Kand, fir déi Mamm kennenzeléieren, déi et ausgedroen an op d’Welt bruecht huet ?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur François Biltgen, Ministre de la Justice; Monsieur Jean-Marie Halsdorf, Ministre de l’Intérieur et à la Grande Région

Deel dëse Post: